Merci Här Minister !

09.05.2015

« Am Enseignement secondaire ginn an Zukunft nëmmen nach déi Stonnen ausbezuelt, déi och réel prestéiert ginn »


Merci Här Minister !



Endlech mol Een, denn eise Beruff seriö hëlt! Wéi ganz vill vu menge Kollegen Enseignanten (ProfInnen grad ewéi ChargéEn) fannen ech och, dass et héich Zaït ass, dass eis Arbecht ugemosse considéréiert gët. Dofir erlaben ech mer iech e kurzen Iwwerbléck vu menge Prestatioune vu gëschter, Mëttwoch, den 07/05/2015 zoukommen ze lossen.

1. Stonn : 9 STP, méng Régenceklass. Do brauch ech ëmmer e bësse méi Zäit fir d’Préparatioun (1,5 Stonnen), well ech jo en differenzéierten Unterricht halen, fir Schüler vu verschiddenen Niveauen. De Mischi K. war nées do, mee hien hat – alt nées – kéng Excus. Muss drun dénken séngen Elteren unzeruffen… 2. Stonn : 3DG, Prüfung. Si hunn nach e puer Froen, mee soss machen ech just Surveillance. Allez, soe mer 0,5 Stonn. Ech hu 45 Min. gebraucht fir d’Prüfung opzesetzen, a brauch mindestens 4 Stonne fir se ze verbesseren. Si schreiwe ganz fläisseg…. Ah jo, 2 Schüler feelen (Verdacht op « Prüfungskränkt » bei éngem). Da muss ech alt nees en zweete Questionnaire machen. Dofir brauch ech mindestens 30 min.

Grouss Paus : Ech hu Surveillance am Haff. (Ech fannen et gut, dass och genannte Proffe wéi ech Surveillance machen.) 15 Min. stin ech do a passen op, dass keen de Schoulterrain verléisst fir fëmmen ze goen. Zimlech ustrengend. Ech stellen och en Heini zu Rieds, dee mat Bananen duerch d’Géigend werft. Well hien net asiichteg ass, huelen ech him d’Schülerkaart of. Muss drun denken, déi op d’Direktioun ze droen…

3. Stonn : Fräi. Ech profitéirern dovun, a ruffen beim Mischi doheem. Et gët e längert Gespréich (20 Min.). Dem Mischi séng Mamm kräischt. D’Situatioun ass sou verfuer, dass ech e Rendez-vous proposéieren. Owes, no Siwen, well déi 2 Eltere schaffen. Ech froe mech, op et an deem Fall e Spezialtarif gët…

4. a 5. Stonn : Mëttespaus. Ech concertéieren mat e puer Kollegen iwwert de Fall Mischi (20 Min.), ginn am SPOS laangscht fir iwwert d’Orientatioun op ménger Klass ze schwätzen (15 Min.) an erklären dem Attaché à la Direction d’Banengeschicht (5 Min.). Ah jo, an d’Kantine war ech och nach. Awer just kuerz…

6. Stonn : Professeur Ressource. Ech sëtzen am Klassesall an hëllefen de Schüler bei den Hausaufgaben. Erkläre Mathé, awer och Sprochen; et ass ee jo schliesslech polyvalent. Ech machen dat am Kader vum Acte 72. Am Fong machen ech et fird’Schüler, virun allem fir d’Schüler vu ménger Régenceklass. Fir sou Schüler wéi de Mischi, well soss machen déi iwwerhapt kéng Hausaufgab.

7. Stonn: 1ère. Och fir si huet mech d’Préparatioun 1,5 Stonne kascht. Dat war et och schons. Just 3 reng Schoulstonnen. Doheem préparéieren ech nach fir muer, mee dat rechnen ech lo net dobäi. Ech kämpfe mech nach duerch meng administrativ Mailen/ Mailer (mindestens 30 Min.) : SCRIPT, Sekretariat vum Lycée, Ministère… Ech verschécken der och selwer : Een un d’Equipe pédagogique fir eng Versa1417853740301.jpgmmlung zum Fall Mischi anzeberuffen, an een un d’Régente vun der Mosaïksklass fir e Rendez-vous ze huelen, fir ze kucken op si eis kann an deem Fall hëllefen…

Et kënt fir, dass ech och nach beim Iessen an am Bett iwwert d’Schoul schwätzen.Méng Fra seet, ech soll domadder ophalen. Dat wär schlecht fir d’Verdauung a fird’Libido. Méng Fra huet Recht. Mee dem Mischi séng Geschicht geet mer wierklech no…

Jee, wann ech richteg gerechent hunn, hunn ech dësen Dag, Préparatiounen a Verbesserungen abegraff, 13,5 Stonnen geschafft. Dat war e normalen Arbéchtsdag. Där hunn ech der 5 an der Woch. Dat ginn also 67,5 Stonnen. Jo, jo, ech wees, ech hunn nët all Woch eng Prüfung ze verbesseren…. Mee ech hunn och Wochen wou ech der 3 oder 4 hunn. Allez, 50 bis 60 Stonnen d’Woch sinn et op alle Fall. An souvill schaffe 90% vun all ménge Kollegen. Mindestens 90%! (10% schwaarz Schof ginn et wuel iwwerall… )

Bis elo hunn ech meng Stonne nach ni gezielt. Well ech kee Klengechkeetskréimer sinn. Well ech méng Arbécht – ech géif souguer soen méng Aufgab – gäre machen a wichteg fannen. Well de Mischi mir wichteg ass! Dofir hunn ech och ëmmer all dat domm Gespréich iwwer liddereg Proffen mat décke Paien an Tonne Vakanz och erdroen. Héiflech matgelaacht hunn ech. Well d’Leit et nët besser wëssen… (Obwuel… De Satz „Mee ech wéilt et nët maachen!“ ass och oft an deem Zesummenhang gefall.) Natierlech ware mir lo e bëssen traureg, dass eise Minister mat op dee Wee geet… Mee dat war jo just e Mëssverständniss! Ech si gäre bereet, all meng Arbechtsstonnen opzeschreiwen (iwwert Webcam ze dokumentéieren, seet mäin Informatikskolleg!). Dat gët vläicht e bëssen ëmständlech, mee dat ass net de Problem.

Mee wann an d’Zukunft all Enseignant bezuelt get, fir dat wat hien effektiv schafft… dat kéint dir, Här Minister, e Problem kréien. E budgetäre Problem. Mee mir sin iwwerzéecht, dass dir do eng Léisung fannt!

Mat beschte pädagogësche Gréiss,
Jang Sondamuer