Formation continue: de Pensiounssystem verstoen

22.09.2025

De Lëtzebuerger Pensiounssystem verstoen

Formatioun vum SEW/OGBL

27. November: 18h15-19h45

Lifelong Learning Center vun der CSL (2-4, rue Jean-Pierre Hentges, L-1726 Luxembourg)

Kontext :

Seng Rechter op d’Pensioun ze verstoen ass wichteg fir Employéen a Fonctionnairen. Nëmmen sou kann ee wuel iwwerluechten Entscheedungen treffen a Bezuch op de Montant vun der Pensioun an den Zäitpunkt vum Pensiounsuntrëtt.

Dës Formatioun huet d‘Zil, eng kloer Iwwersiicht vum Pensiounssystem ze ginn, fir datt d’Fonctionnairen an Employéen aus dem neie System gutt op d’Zukunft virbereet sinn.

Léierziler :

  • De Beamten an Employéen e Basisverständnis vun den Zougangsbedéngunge fir d’Pensioun vermëttelen;
  • D’Krittäre fir d’Unerkennung vun den am Ausland geschafft Joren erklären;
  • D’Struktur vum Pensiounssystem an déi wichtegst Begrëffer ervirhiewen;
  • Grondlage vum Berechne vum Montant vun der Pensioun verstoen;
  • Verschidde Versécherungsperioden kenneléieren: Assurance obligatoire, volontaire a complémentaire & Réckkaf vu Pensiounsrechter .

Inhalt :

D’Grondlage :

  • Wéi vill Joer muss ech schaffen?
  • Wéini kann ech meng Pensioun huelen?
  • Ginn d’Joren, déi am Ausland geschafft goufen, unerkannt?
  • Wéi kann ech de Montant vun der Pensioun am Fall vun Deelzäit oder congé sans traitement verbesseren?
  • Wat sinn d'Babyjoeren a wéi gi si fir d'Pensioun ugerechent?
  • Déi zwou Komponente vun der Pensioun (majorations forfaitaires & proportionnelles) ;
  • Eng Schätzung vu senger Pensioun berechnen.

Viraussetzungen:

D'Formatioun riicht sech u Fonctionnairen an Employéen aus dem neie Pensiounssystem: D.h. un all Employé oder Fonctionnaire, deen ab dem 1. Januar 1999 fir Staat oder Gemeng ugefaangen huet mat schaffen.

D’Participantë sollen eng ongeféier Iddi hunn, wéi héich an der Moyenne hiert Joresgehalt ass – vum Ufank vun der Carrière beim Staat oder enger Gemeng bis bei d’Pensioun. Alternativ geet et duer, wa si wärend der Formatioun Zougang zur Online-Plattform MyGuichet hunn, fir wärendems en Iwwerbléck iwwer dës Montanten ze kréien.

Mellt Iech un: https://forms.office.com/e/gdMLXbFg9F