Positioun vum SEW/OGBL zum Accord vun der Regierung an dem SNE/CGFP vum 23. Januar 2018

23.01.2018

No geheime Verhandlungen ënnerschreift den Educatiounsminister en Accord mam SNE fir d’Penurievun Enseignanten ze bekämpfen. Op der Foto vun der Pressekonferenz kann ee genau déiselwecht zwee zefridde Gesiichter gesi wéi op enger identescher Foto e puer Joer virdrun, wou op enger anerer Pressekonferenz déiselwecht Partner en Accord ënnerschriwwen hunn, déi d’Penurie verursaacht huet.

Penurie vun Enseignanten am Fondamental


Bei der Rentrée 2017/18 hate Schoulen Alarm geschloen, well hinnen Enseignante gefeelt hunn an si hir geplangte Schoulorganisatioun hu misste kuerzfristeg änneren a reduzéieren. An engem kreativem Ëmgang mat de Fakten huet de Minister d’Ëffentlechkeet berouegt, hien hätt d’Situatioun am Grëff a virun all Klass stéing en Enseignant. Bei der Kommunikatioun ass awer ënnerschloe ginn, datt Appui an Accueilsstonnen, déi d’Kanner zegutt hunn, hu misse gestrach ginn, datt Stonne fir DPI net konnten attribuéiert ginn a vill Enseignante hu missen Iwwerstonne maachen. Vill Chargé de Cours, engagéiert fir d’Remplacementer sinn direkt an d’Schoulen affektéiert ginn.

Et war kloer, datt et bei enger éischter Grippewell misst zu enger Kris kommen, wou vill Stonnen net méi konnten ersat ginn. Dat war dann och op ville Plazen am Land de Fall, obwuel de Minister eng grouss Recrutementscampagne vu Chargé de cours gestart huet a probéiert huet massiv Leit fir de véierwöchege Stage als Remplaçant ze motivéieren.

De Minister huet laang Zäit probéiert de Problem ze minimiséieren a refuséiert vun enger Penurie ze schwätzen.

Eréischt den 23. Januar huet en du de Problem entdeckt, deen e just e puer Deeg virdrun an engem schaarfe Communiqué dementéiert hat, wéi den SEW/OGBL nach eng Kéier drop higewisen hat.

D’Ursaache vun der Penurie


sengem Pressecommuniqué huet de Minister fir sech 5 Ursaachen identifizéiert, déi senger Meenung no responsabel fir d’Penurie sinn.

Et muss en awer kloer stellen, datt de Kontingent net eropgaangen ass duerch d’Aféierung vun dem neie Cours « Vie et société ». Déi Stonnen hunn nämlech scho virdrun existéiert an zwar duebel : de Reliounsunterrecht an de Cours vun «Formation morale et sociale. Si ware just hors Kontingent. D’Kontingent ass vun 2,0191 op 2.07 eropgaangen, just well ab 2017 all 28 Wochestonnen iwwert de Kontingent verdeelt ginn a net just 26 Stonne wéi dat bis 2017 de Fall war.

De Minister huet awer e Facteur komplett vergiess ze ernimmen, nämlech d’Aféierung vun den «Directions régionales mat sengen Direkteren, Sous-Direkteren an de Membere vun den EBES-Equippen. Vill diploméiert Enseignanten, déi virdrun an de Schoule geschafft hunn, si rekrutéiert gi fir an den Direktioune bürokratesch Aufgaben ze erfannen. Si sinn an de Schoulen duerch net diploméiert Chargé de Cours ersat ginn.

Nodeems virun e puer Joren d’Rekrutéierungspolitik endlech esou adaptéiert gi war, datt mëttel- bis laangfristeg konnt domadder gerechent ginn, datt genuch diploméiert Enseignanten engagéiert gi fir de Problem vun der struktureller Penurie an der Lëtzebuerger Grondschoul, e Resultat vu joerzéngtelaanger falscher Astellungspolitik, ze léisen, feelen elo erëm massiv diploméiert Enseignanten an aktuell gi méi wéi ee véierel vun de Schoulstonne vun net diploméierte Chargé de Cours gehalen. Et feele méi Enseignantë wéi njee virdrun.

All déi Facteuren, déi opgezielt goufen, ware bekannt an et war och gewosst datt d’Schülerpopulatioun géif an d’Luucht goen.

Scho beim Concours 2017 huet sech gewisen, datt net méi genuch Kandidaten sech gemellt haten. Fir d’éischtsäit ville Joren hat sech manner Kandidate gemellt, wéi Posten ausgeschriwwe goufen. Déi aktuell Penurie and’Problemer vun der Attraktivitéit vum Beruff ware méi wéi offensichtlech. Eng responsabel Schoulpolitik hätt verlaangt fir zu dem Moment op eng Rei iwwerflësseg an deier Reformen ze verzichten.

De Ministère war awer esou domadder beschäftegt fir iwwert de Summer d’Posten an den Direktiounen ze besetzen, datt hinnen de Problem vun der Penurie net opgefall oder net wichteg genuch war.

Vill Enseignanten hunn hir Schoulen du verlooss fir sech op déi nei geschafen a besser bezuelten administrativ Posten an den Direktiounen ze mellen, während parallel dozou d’Titulaire vun de Klassen an de Schoule vu enger bürokratescher Lawin iwwerrullt goufen.

Haaptursaach vun der Penurie ass awer d’Aféierungvum Stage, den a senger aktueller Form och op en exklusiven Accord vum Minister mam SNE zeréck ze féieren ass.

D’Dechargen am Kontext vun dem iwwerflëssegem Stage, fir d’Stagiairen a fir d’»Conseillers pédagogiques », hunn nach eng Kéier dozou bäigedroe fir d’Penurie nze verschäerfen.

Et ass evident, datt folgend 2 Facteuren zesummen nd’Haaptursaache vun der Penurie sinn :
  • De Stage huet dozou geféiert, datt vill jonker hire Studium ofgebrach hunn oder decidéiert hunn fir weider ze studéieren, respektiv sech géint e Studium fir Léierin oder Schoulmeeschter ze entscheeden.
  • D’Bürokratie an de Schoulen huet an engem Moos zougeholl, datt den Enseignant vill Zäit an Energie drop verwende muss, déi him beim Schoulhale feelt a parallel dozou sinn déi konkret Hëllefen an de Klasse massiv gekierzt ginn.

Den SEW hat de Minister an d’Politik vun Ufank un, ob d’Konsequenze vu senge Reforme gewarnt. De Minister konnt awer op eng Gewerkschaft zielen, déi mat allem averstane war an och net gezéckt huet fir senge Memberen Angscht ze maachen, datt ouni de Stage d’Enseignante de Statut vum Staatsbeamte géinge verléieren.

Géint d’Penurie virgoen


Den SEW ass zefridden, datt de Minister sech zum Problem vun der Penurie bekannt huet, an zouginn huet, datt déi aktuell Situatioun e Problem fir d’Qualitéit vun der ëffentlecher Schoul ass.

Den SEW kann awer mat de Mesurë vum Accord, déi erëm déi Partner ausgehandelt hunn, déi fir d’Penurie responsabel sinn, net d’Accord sinn. Dës Mesurë ginn an déi falsch Richtung a riskéier fir de Problem nach ze verschlëmmeren amplaz en ze léisen.

D’Reduktioun vun der Ausbildung em 1 Joer, entweder 1 Joer manner universitär Studien oder 1 Joer manner Stage, wäert kuerzfristeg dozou féieren, datt quasi all d’Studenten op ee Joer Studie verzichten. Dat huet ganz einfach ekonomesch Ursaachen : et ass méi sënnvoll op 1 Joer net bezuelte Studien (mat Studiegebühren) ze verzichten an se duerch e Stagejoer mat 80% vum éischte Gehalt ze ersetzen.

D’Uni Lëtzebuerg huet ugekënnegt an enger éischter Reaktioun, datt si net op 4 Joer Formatioun verzichte wëllen. Et muss also gefaart ginn, datt si kaum nach Interessente fir hire BScE fannen.

D’Optioun fir den exklusive Choix fir Spillschoul oder déi aner Cyclen erëm zouzeloossen, muss ebenfalls als Réckschrëtt bewäert ginn.

Den SEW kann och net akzeptéieren, datt den Zougang zu dem Concours opgemaach gëtt fir Kandidaten, déi an d’Réserve des suppléants komme mat engem Bachelor, déi am Zesummenhang mat de Missioune vun der Grondschoul steet. Wann een all d’Missioune vun den Enseignanten an der Grondschoul consideréiert, kann dat vum Infirmier bis zum Psycholog goen. D’Studie fir d’Enseignant an der Grondschoul sinn exigent. Et ass duerfir ze fäerten, datt an Zukunft Jonker sech op d’Sich no Studie maachen, déi manner exigent sinn an awer en Zougank zu dem Concours bidden. Dat ass definitiv net am Sënn vun der Qualitéit vun der ëffentlecher Schoul. 240 Stonne Formatioun en Cours d’Emploi um IFEN kenne keng véierjähreg Studien op der Uni ersetzen.

Et ass offensichtlech, datt an Zukunft d’Ausbildung vun den Enseignanten zu engem ganz groussen Deel soll um IFEN stattfannen. Den SEW huet jorelaang sech vehement fir eng universitär Formatioun fir d’Enseignanten an der Grondschoul agesat. Et war dem SEW wichteg, datt d’Formatioun souwuel theoretesch a praktesch op universitären Niveau soll organiséiert ginn, déi de Studenten et sollt erméiglechen eng fundéiert Analyse vun hirer Praxis am Kontext vun de Recherche an de Sciences de l’Education ze maachen. Duerch d’Mesure vum Minister sinn dës Prinzipien a Fro gestallt an als grousse Réckschrëtt am Hibléck op d’Schoulqualitéit ze bewäerten.

Et kann net méi vun engem kohärente Modell vu der Ausbildung vun den Enseignantë geschwat ginn. Et ass net akzeptabel, datt esou oniwwerluechte Mesuren, mat laangfristegen negative Konsequenze just aus elektoralem Calcul, fir ze evitéieren, datt kuerz virun de Walen d’Penurie als Konsequenz vun enger verfeelter Schoulpolitik offensichtlech gëtt.

De Minister reagéiert ouni déifgräifend Reflexiounen a néideg Diskussiounen op eng hektesch Aart a Weis fir d’Problemer ze léisen, déi e selwer duerch falsch Reformen am Virfeld geschaf huet a riskéiert domadder an d’Grondschoul nach méi Problemer ze schafen.

Den SEW war vun Ufank un géint e Stage vun 3 Joer, géint d’Schafe vum IFEN, géint d’Regionaldirektiounen a géint eng Hierarchiséierung, déi de Corps Enseignant gespléckt hunn.

Den SEW huet ëmmer verlaangt fir d’Aarbechtskonditiounen am Sënn vun de Kanner an de Schoulen ze verbesseren, dat heescht fir d’Moyennen an d’Schoulen ze ginn an de Kontingent eropzesetzen amplaz en ze kierzen. Nëmmen esou kann eis Schoul effikass reagéieren op d’Problemer, déi sech an de Schoule stellen .

Nei Posten an de Schoulen ze schafen hat net méi Poste kascht wéi d’Mesuren, déi de Ministère geholl huet. Et hätt awer sécher net esou e negativen Afloss op d’Motivatioun vun den Enseignante gehat an der Attraktivitéit vum Beruff vum Enseignant an der Klass an der Aarbecht mat de Kanner geschuet.

Den SEW verlaangt, datt de Stage a senger aktueller Form ofgeschaaft gëtt. Aus dem IFEN muss en Instrument ginn, dat bestëmmt ass fir de jonken Enseignant ze hëllefen sech an hirer neier Funktioun erëmzefannen, hinnen am Ufank vun der Carrière ënnert d’Äerm gräift an se ënnerstëtzt an déi Hëllef och bei Bedarf all Enseignant ubitt. Esou eng Missioun ass onofhängeg vun der Dauer vum Stage a verhënnert, datt d’Stagiairen zum Spillball vun der Politik gëtt, déi de Stage just als Carrièreselement gesinn.

Mesurë fir de Rekrutement ze verstäerken an de Beruff erëm attraktiv ze maachen, musse laangfristeg wierken, ouni d’Qualitéit vun der Schoul a Fro ze stellen. Hektesch Mesuren, déi just geduecht si fir d’Problemer an der Schoul virun de Walen ze verstoppen a riskéiere vill nei Problemer ze schafen, sinn inacceptabel.

D’Mesuren aus dem Accord schafe vill nei Problemeran Ongerechtegkeete bei Studenten a Stagiairen. D’Politikvum Minister fir déi eenzel Gruppe vu Studente vu Lëtzebuerg an aus dem Ausland, déi eenzel Joergäng vun de Stagiaire ausenaner ze dividéieren andeems d’Konditioune vun eenzele Gruppe liicht verbessert ginn, riskéiert d’Klima an de Schoulen nohalteg ze vergëften.

Mir ruffen de Minister an den SNE op dës Strategie net weider ze verfollegen.

Vill Studenten a Stagiairen hunn sech an deene leschtenDeeg spontan un den SEW gewënnt. Si hu séier verstanen, datt et net an hirem Interêt ass fir sech géint enaner ausspillen ze loossen.

D’Politik dierf natierlech net d’Stagiaire vergiessen, déi an deene leschte Joren ënnert engem verfeelte Stage gelidden hunn. Si sinn d’Opfer vun enger irresponsabeler Politik.

Et muss an hiren Ouere wéi Hohn kléngen, wann d’Parteipresidentin vum Minister de selwechten Dag ukënnegt, dat de Stage sollt op ee Joer reduzéiert ginn.

Fir den SEW ass et inakzeptabel, datt an der «Fonction publique» esou mat den Enseignanten ëmgespronge gëtt. Manifestement ass d’Qualitéit vun der ëffentlecher Schoul net d’Haaptmotivatioun vu esou enger Politik.

Gemeinsam Positiounen a Fuerderungen


Fir zesummen e Fuerderungskatalog opzestellen an dem Minister Alternativen opzeweisen, huet den SEW/OGBL all d’Studente vun der Uni Lëtzebuerg an aus dem Ausland, sou wéi all Stagiären, op e Rassemblement den 3. Februar invitéiert.

Et war wichteg ze weisen, datt mir zesumme stinn.

Geheimverhandlungen an en Accord ouni Konsens vun den Enseignanten


Den SEW war zu de Verhandlungen zu dësem Accord net invitéiert. De Minister huet all Dialog mam SEW vun sech aus ofgebrach. De Minister wousst, datt den SEW fir esou en Accord och net ze kréie wier.

Den SEW féiert och keng Geheimverhandlungen. Bei Diskussioune sinn d’Positioun an d’Fuerderunge vum SEW am Virfeld bekannt. An der Transparenz kann dann all Member novollzéie wéi wäit d’Fuerderunge vum SEW an e Kompromëss agefloss sinn. Vu datt bei alle Verhandlungen noutgedrongen ni d’Fuerderungen zu 100% erfëllt ginn, muss bei schwierege Kompromësser d’Basis gefrot ginn. Fir eng Iwwerrumplungstaktik fir all Oppositioun vun den Enseignanten ze verhënneren ass den SEW ni ze kréien.

Fir den SEW steet d’Qualitéit vun der ëffentlecher Schoul op éischter Plaz. Den SEW huet ëmmer konkret Propositioune gemaach fir richteg op d’Defien an d’Problemer an der ëffentlecher Schoul ze reagéieren. De Minister schéngt allerdéngs nëmmen deenen nozelauschteren, déi seng Meenung ouni Kritik deelen an sech net ëm d’Realitéiten um Terrain këmmeren. Et ass wichteg op d’Problemer hinzeweisen an d’Ëffentlechkeet ze informéieren. Et ass weder Populismus, nach Polemik wann een op d’Problemer vun der Schoul hiweist, et ass eis Flicht well d’Schoul ass a bleift eng vun de wichtegsten Institutioune vun eiser Gesellschaft.


carricature_Meisch.jpg