SEW/OGBL Pressekonferenz zur Schoulrentrée 2016/2017 (2)

13. September 2016
SEW/OGBL Pressekonferenz zur Schoulrentrée 2016/2017 suite
Am Secondaire, grad esou wéi am Fondamental, ass dem Minister Meisch seng Politik eng Politik vun de groussen, spektakulären a gutt klengenden Annoncen, ouni dass sech awer um Terrain selwer eppes Grondleeëndes ännert.
Och sinn des néi Projee’en a Strukturen oft méi wéi iwwerflächlech preparéiert wann se annoncéiert ginn, an oft sinn vill Detailer net gekläert. Villes bleift onkloer an ontransparent. Ech ginn hei just als Beispill déi néi europäesch Schoul zu Déifferdeng. Do ass z.B. Demande vir Platzen wäit aus méi grouss wéi d‘Offer.
- Ween hëlt de Choix, e Schüler opzehuelen oder net ?
- No wéi enge Kritären gëtt dee Choix geholl ?
- Sinn des Kritären sozial équitabel ?
- Gëtt déi Auswielprozedur ënnert iergend enger Form kontrolléiert ?
- ...
Sou wéi an dësem Beispill hei bleiwe bei villen annoncéierte Projee’en eng Onmass vu Froen opstoen, op déi et keng konkret Äntwerte ginn.
An elo kënnt nach eng Reform vum Lycée derbäi, wou et ganz augenschéinlech ass, dass de Minister, iwwert eng soi-disant

Den SEW/OGBL ass net géint eng gewëssen Autonomie vun de Schoulen, a mir wëllen och net den Initiativgeescht vun de Lycee‘en bremsen, mee mir sinn dergéint, dass des Autonomie vum MENJE mëssbraucht gëtt, vir sech senge Responsabilitéiten ze entleedegen.

Den SEW/OGBL wëll net, dass duerch eng falsch verstanen Autonomie e massiven Konkurrenzkampf zwëschen de Schoulen entsteet.
Mir wëlle net eng Schoullandschaft, wou e puer Eliteschoulen sech déi beschte Schüler aus de beschte soziale Milieuen kënnen opdeelen, mee mir hätten gären eng ëffentlech Schoul, déi all eise Schüler eng Zukunft offréiert, egal op se an der Stad, zu Esch, zu Gréiwemaacher oder zu Wolz an d’Schoul ginn, egal op se am LCD, am Athenée, am Michel Lucius oder am LTB doheem sinn.
Wann ech héi vun „mir“ schwätzen, mengen ech domadder net nëmmen den SEW/OGBL, mee ech mengen eng grouss Majoritéit vun den Enseignanten.
Ech erënneren an deem Kader un d’Enquête vun der DNL aus dem Joer 2013, wou iwwer 80 % vun den Enseignanten sech géint eng ze grouss Autonomie vun de Lycee’en ausgeschwat hunn an och déi domadder verbonne „gestion par objectifs“, „gestion par objectifs“ déi och just erëm dorobber erausspillt, de Schoulen kënnen de schwaarze Péiter zouzeschieben, sollten hir Mesuren am Kader vun der Schoulautonomie um Terrain net wierken.

Mir verlaangen als SEW/OGBL, dass de Minister sech net nëmmen domadder soll begnügen, all déi néi Strukturen a néi Reformen grouss ze annoncéieren, mee, dass hien se zesummen mat eis, mat de Gewerkschaften, mat den Enseignanten a mat allen aneren Professionellen um Terrain virbereet an diskutéiert. Et ass awer genau de Contraire, deen ëmmer erëm passéiert. Déi Professionell vum Terrain, a mir denken do, wéi gesot, net nëmmen un d’Enseignanten, mee och d’Educateuren, Sozialpädagogen asw, ginn nëmme ganz selte bis nie mat agebonnen an de Virbereedungsphasen vun


Dat wat de MENJE schonns säit laange Joren bedreift, nämlech Reformen duerchzepreschen ouni Récksprooch mat de concernéierten Acteuren, wäert och elo definitiv um Niveau vun de Schoulen ukommen. De Kaméidi an d‘Streidereien, intern an de Schoulen, sinn zum Deel schonns do a wäerten mat deene néie Reformen an Zukunft nach verschäerft ginn.

D‘Ouverture vun de Schoulen no baussen, besonnesch vis-à-vis vum monde économique, passt och ganz gutt an de Kader vun der liberal ausgeriichter Schoulpolitik vum Minister Meisch. Mir gesinn eng ze grouss, net kloer gereegelt Ouverture vun der Schoul a Richtung Wirtschaft a Finanzen als eng Gefor vir d’Neutralitéit vun eiser ëffentlecher Schoul. Zum Schluss nach e puer Wuert zu eenzele Punkten, déi eis och immens wichteg sinn.

Wat d‘Bewäertung an eisem Schoulsystem ubelaangt, hu mir dem MENJE d’Propose gemeet, eng Diskussioun ze lancéieren, vir erëm eng eenheetlech Bewäertung an eis Schoul ze kréien, vum Cycle 3 am Fondamental bis op d’Oofschlossklassen

Schlussendlech nach e lescht Wuert zur Beruffsausbildung. Do hu mir als SEW/OGBL laang gekämpft a schlussendlech och op enger ganzer Réi Punkten Satisfaktioun kritt. Esou hunn z.B. dëst Joer schonn d’Schüler am Kommerz d’Méiglechkeet kritt, e Rattrapage vum PIF am September ze maachen a net ereicht am Februar dat Joer drop.

Jules Barthel

