Enquete PRS/PDS: Remarke vun den Enseignanten

23.04.2017

  • D'Remarke sinn anonymiséiert ginn.

  • Fir e bessert Versteesdemech vun den Aussoen sinn d'Kommentaren an 3 Kategorien ënnerdeelt ginn: 
    1. Déi op d'Fro 11: Fënns du d'Weiderféierung vum PDS sënnvoll? mat Nee geäntwert hunn
    2. Déi op d'Fro 11: Fënns du d'Weiderféierung vum PDS sënnvoll? mat Jo geäntwert hunn
    3. Déi op d'Fro 11: Fënns du d'Weiderféierung vum PDS sënnvoll? net geäntwert hunn

11. Fënns du d'Weiderféierung vum PDS sënnvoll?

Nee

Jo

ouni Äntwert

All di Projeten déi mir am Kader vum PRS gemaach hunn hätte mir och soss gemaach, de PRS ass eigentlech just de Pabeierkram ronderem, deen de Kanner awer absolut näischt bréngt.

*

Maer hu genuch Suergen an Arbecht an eise Klassen als Enseignant. Maer man eis Arbecht all no beschtem Wëssen a Gewëssen a mussen net andauernd nei Bürokratie opgeluede kréie, just dass déi, déi eis ënnerstelle wëlle maer gingen eis Arbecht net maachen, eis besser kontrolléiere kënnen

*

Qualitéit an och Qualitéitsentwëcklung an der Schoul ass wichteg an sënnvoll. Initial muss awer eng parteiiwergräifend bildungspolitesch Visioun à long terme définéiert ginn, an eng bildungspolitesch Konkordanz uviséiert ginn.
Wann iwerhaapt, leet de PRS (resp. PDS) den Akzent op Unterrichtsentwëcklung, Personalentwëcklung kann um Niveau vun der Eenzelschoul (éventuell) geschéien. Par contre gëtt komplett ausser Uecht gelooss, dass deen drëtten Pilier vun der Schoulentwecklung, nämlech Organisatiounsentwëcklung komplett fehlt - an och vun kengersäits ugeduecht ass. Jidder Schoul en eegenen Profil ze ginn ass nämlech kengeswegs mat Organisatiounsentwëcklung gläichzestellen.
Vun vir eran huet d'Konzept vun PRS an PDS Lacunen, well vun all Schoul eng Entwëcklung verlaangt gëtt, weder awer d'Richtung (also Qualitéitsstandard'en) définéiert sinn, nach Indikateuren, déi eng Evaluatioun an beschtefalls Plus-Value vun den ergraffenen Mesuren ging uweisen.
Gemäss dem Leitsatz "Keine Massnahme ohne Diagnose" sollen d'Schoulen elo mat groussem Opwand en Etat des Lieux maachen, fir ze définéieren, wouhin sie sech entweckelen wëllen. Och heifir fehlen d'Critèren.
Eng kollegial gewielten Schoulleedung kinnt m.E. no spezifescher Formatioun versch. Aspekter vun Schoulentwëcklung initiéieren an encadréieren, awer net d'Absence vun den noutwendegen Prémissen compenséieren.

*

et ass e lästegt Dokument wat vill Zäit an Nerven an Usproch hëllt fir et oppzestellen an duerno am Tirang verschwënnt well mer am Alldag ganz aner Suergen hunn, déi weder an engem PRS nach engem PDS stinn / stoë wärten

wann de Bilan vum PRS muss gemaach ginn, dann ass daat och nees just eng eenzeg Plo déi kengem Kand eppes déngt - am Géigendeel: déi Zäit hu mir alt nees manner fir eis opp d'Klass ze preparéieren

Mir brauchen näischt esou, mir wëssen an all Schoul, wou de Schung dréckt a passen eis de Besoin'ën vun der Schoulpopulatioun un - matt oder ouni PRS/PDS - awer léiwer ouni, well deen engt eis héchstens an wi datt en eis giff motivéieren. Schoul huet matt Mënschen ze dinnn, an déi kann een net opp Paragrafe reduzéieren !

*

Ech schaffe gär kreativ an ech differenzéieren och gär. (...)
Ech hu Spaass u menger Aarbecht mat de Schüler.
Mä all déi künstlech Saache ronderëm, d'Upassung un extern Normen an u grouss Gruppen, maache mech midd. Et gëtt fir mech kontraproduktiv. D'Gefill ass net méi stëmmeg. D'Konzept kënnt vu Leit, déi am Alldag net mat hiren 2 Féiss an engem Klassesall stinn.

*

A mengen Aen ass de PRS/PDS komplett sënnlos an iwwerflësseg a soll ofgeschaf ginn. A vill Schoule lafen och flott Projeten ouni PRS/PDS. D'Motivatioun als Enseignant gëtt eis ëmmer méi geholl an Zäit déi mir fir a mat eise Schüler verbréngen gëtt ëmmer méi kleng.

*

Mir hunn de PRS am Fong non-stop adaptéiert, je no Iddien, Formations continues déi mir besicht hunn, asw. ...
Mee all déi Saachen hätte mir awer och an eist Schoulhalen integréiert, wann et kee PRS ginn hätt !
Ech perséinlech setze Saachen ëm, déi mir sënnvoll an am Sënn vu menge Schüler erschengen, ob déi elo am PRS stinn oder net (dofir och déi Adaptatiounen vum PRS an der Praxis)
De PRS/PDS ass fir mech eng administrativ "Kujenad" (vu villen), déi eis zënter 2009 vill Zäit an Energie kascht, déi eis op anere Plaatze fehlt :-(

*

D'Lëtzebuerger Schoul ass dout - esou wéi mer se virun 2009 kannt hun. Ech perséinlech hun opgin, kämpfen nët méi - maachen haut Dienst nach Vorschrift. Kollegialitéit a Solidaritéit ënnert de Kollegen am Gebei ass zanter Joëren schon inexistent. Et gëtt an ass schon haut eng Schoul vun der Kontroll an der Mëssgonscht. D'Elteren op den Troun - den Enseignant dogéint ouni Rechter - désavouéiert, a Fro gestallt an erniddregt. Kee Meeschter méi an senger Schoul, nach just en einfachen Fonctionnaire, e Spillball an der Hand vun engem OECD gesteierten M.E.N. De Meisch bedreift eng eemolech an nie dogewieschten destruktiv Bildungspolitik geprägt vun Rancune op e ganze Beruffsstand. Gëtt et besser? Nee, keng Hoffnung. Streik, Opstand, Revolte !? Wat ass dat? Mir hun als Corps Enseignant vermutlech näischt Besseres verdingt, wann ech gesinn, wat mir eis zanter Joëren kollektiv gefaale loossen. Meng Gesondheet, meng Famill a meng Fräizäit si mir m éi wichteg gin wéi mäin Job. Ech wollt deemols onbedingt Schoulmeeschter gin, an dat weder wéinst enger Pei, nach wéinst dem Congé, mee wéinst der Arbecht mat de Kanner. Ech giff mäin Job nie méi wielen, nie méi wëlle maachen. D'Politik interesséiert sech och guer nët un der iwergrousser Zuel u jonke Kollegen, déi haut no e puer Joër schon d'Flemm mam Job hun, an no Méiglechkeete sichen, fir aus dem aktiven Schoulhaalen an een vun denen villen an onnëtzen postes à responsabilité ze wiesselen.

Dat permanent Hin an Hier am alldeeglechen Schoulbetrieb, e Schoulchantier den zanter 2009 nie färdeg gin ass an och nach esou baal nët färdeg weärt ginn - féiert dozou dass zanter 2009 keng Rou a keng Sérénitéit beim Schoulhaalen méi opkënnt. D'Wourecht vun haut - déi eis als der Weisheit letzter Schluss verkaaft gëtt - ass muer schon erëm Geschicht. De M.E.N wees nët wat e mecht an ass just interesséiert der Statistik gerecht ze gin. Alles Sch ein - ohne Sein! No bausse gudd do stoën, den Elteren gerecht gin op alle Niveauën - dat ass dem M.E.N wichteg.

D'Inspektorat prostituéiert sech kollektiv am Numm vun engem onméiglechen Schoulgesetz - sie sin selwer nët averstan, mee als Fonctionnaire sinn och sie censéiert just ze fonctionnéieren. Och sie nëmmen e Spillball.

Ech gesin d'Luucht um Ënn vum Tunnel (...) An dann endlech Äddi Schoul, eng Schoul/en Job déi/dee mech krank gemaach hun an déi ech haut haassen. D'Schoul an d'Schoulpolitik hei zu Lëtzebuerg sin op engem historësch déiwen Niveau ukomm. Fréier war de Schoulmeeschter respektéiert wéi den Notaire, den Affekot an de Paschtouer - haut brauch de Schoulmeeschter e gudden Affekot, wann en nach gudd a richteg wëllt Schoul haalen - am Sënn vun de Kanner an eiser zukünfteger Gesellschaft.

Am Plaaz pädagogësch effektiv schaffe mer haut just nach juristësch korrekt. Mir bedreiwen Gefällechkeetpädagogik. D'Form a ss méi wichteg gin, wéi den Inhalt.

*

Zu Punkt 9: "Fréier" sinn ëmmer rem interessant a nëtzlich Initiativen spontan vun engem oder méi Enseignanten komm a méi oder manner äusgebaut ginn, sou wéi et um Terrain grat gebräucht gouf a machbär wär an ouni grouss Rapporten ze schreiwen! Keen hott sich gezwong gefillt oder méi- oder mannerwärtig!
Haut awer gi sou spontan Initiativen am Demanden- a Rapportenschreiwen ënner! Et muss ee dëst a nach dat äusfëllen, ufroen, melden,... sou geet vill Zäit an Energi verluer! Opbauend ass dat définitiv net!

*

(...) huet weder e PRS nach e PDS gefrot oder gebraucht!

*

Halen näischt dovun!!!

*

De PRS 1 woare just Punkten, déi d'Agence qualité erausgesicht haten. Bei de Froebéi un d'Elteren an un d'Kanner woar all Bewäertung äusserst positiv ausgefall. Just bei der Fro: "Gett et och emol Sträit um Schoulhaff?" huet natierlech jidderee mat jo geännefert (ech och!). Dou hunn se sech op d'Thema "Respekt"gestierzt...
Dat huet null bruet!

2. Punkt - Portfolio: De Minister hätt jo gär, datt mer ee maachen. Dann hu mer ebe gefollecht. D'Fotoe wäerten d'Kanner och nach duerno kucken, iewer dann ass et iewer scho fäerdeg...

PRS 2: Mir hunn zesummen décidéiert méi franséisch ze lauschteren an ze schwätzen. Dat maache mer elo 1/2 bis 1h d'Woch (eis Kanner ginn 1/2 h ze vill an d'Schoul). Bis dat Friichten dréit, missten d'Kanner iewer emol e puer Joar dovu profetéieren...

Mol kucken, ob mer dat dierfe bäibehalen, oder ob di aner 5 Punkten dem Ministère méi wichteg sinn. Mir wäerten opschreiwe mussen, wéi mi r eis EBS-Kanner eleng betreien. D'Maison relais wäert Versammlungen en masse ufroen...

Mir géngen eis freeen emol nees kenne Schoul ze halen. Kann een sou en Zil an e PDS schreiwen?

De President kritt 2 Stonne fir de PDS. E kann iewer engem aneren di Charge iwwerdroen. Ma déi fleeten drop! De President géng och léiwer Mathe halen, wéi PDS virzebereeden. Lo hält dann nees e Chargé Mathe, d'Reklamatioune kritt de President...

Den Inspekter hätt gär, datt mer all un engem Strang zéien. Mä dat kenne mer vergiessen. Et ass schonn en haart Stéck Aarbecht an de Cyclen op engem Nenner ze sinn. Dat kréie mir net hin. An dann ass et alt nees em President seng Schold, well dee jo elo responsabel fir de PDS ass. Bis elo woar de President e Kolleg, um selwechte Niveau wéi di aner Enseignanten, Vermettler teschent den Instanzen, iewer net Chef.
Dat soll esou bleiwen.

A wa schonn e Chef muss do sinn, dann net just fir e PDS emzesetzen, mä d att gutt Schoul gehal gett, och di aner 28 Stonnen.

*

Mir haaten an eisem PRS Leisekompetenz vun de Kanner förderen, an ech mengen dat mecht een jo souwisou a sengem Unterrecht.

*

zu 10. :Ech hunn immens vill Zäit während e puer Joer consacréiert awer elo net méi, well ech et net als sënnvoll empfannen, d.h. absolut net als Plus-value fir d'Kanner.
Ech sinn och der Meenung, dass eis nei I-DS net als Ressource fir d'Kanner agesat ginn, mee als Kontroll vum PDS.
A mengen An ass all Ressource, déi net aktiv dem Kand an eisem Schoulsystem hëlleft; also an der Klass aktiv ass ( z.B. als Appui) net sënnvoll.Vill Zäit an Energie (a Geld) get op de falsche Plaatzen investéiert.

*

Déi ganz Formulairen déi mir am Comité an an de Concertatiounen fir de PRS/PDS ausfëlle mussen sinn extrem lästeg a brénge kengem eppes, net dem Léierpersonal a scho guer net de Kanner!

*

Hu mech 1 Trimester am PRS Groupe vun der Schoul engagéiert...

*

Meng Fro: Wat bréngt dee ganzen Opwand dem eenzelne Kand?

*

Et handelt sech ëm een Instrument (PRS o. PDS) mat enormen administrativen Opwand, souwéi vill aner Saachen, mat onnéidege Versammlungen asw. an ouni Plus-value fir d'Kanner. Dat Ganzt mécht hëchstens schlecht Blut ënnert dem Personal. Verschidden Enseignanten wëlle sech just profiléieren ënnert dem Deckmantel am Interesse vun de Kanner ze handelen. Ëmmer méi Möchtegern-Cheffen a sougenannten Experten tauchen op der Bildfläch Schoul op an dëst op d'Keschte vun onse Schoulkanner.
Ëmmer méi oft froen ech mech, ob ech just gedreemt hunn, dass ech dëse flotte Beruff eigentlech gewielt hunn fir SCHOUL ZE HALEN!!

*                             

Ech investéieren méi Zait well den Drock gemaach gëtt, dass mir dorop evaluéiert gin.

*

Ass en theoretescht Konstrukt a geet gréisstendeels laanscht d'Realitéit. Hei am Land gëtt et net vill Schoule mat esou spezifesche Problemer, datt e speziellen Interventiounsplang néideg wäer. All Schoulen hunn am Groussen a Ganze mat de selwechten resp. ähnleche Problemer ze kämpfen (z.B. d'Sproochesituatioun, d'Heterogenitéit vun der Schoulbevölkerung, Verhalensopfällegkeeten, déi zouhuelen ...). Vill vun dene Problemer si gesellschaftlecher Natur a kënne net an der Schoul alléng geléist ginn!D'Politik wälzt dat also op d'Schoulen of, wat si mat verschold huet!

*

Ech kennen gaaanz vil Léierinnen an all sinn se genervt vum PRS!!! Ech hunn nach vu kengem héieren, deen dat Ganzt sënnvoll fënnt.

*

Back to basics!

*

Eng Schoul, déi sech engagéiert huet an och scho gutt funktionéiert huet virum PRS, brauch och kee PRS/PDS fir weiderhi gutt ze funktionéieren!

Duerch déi vill Obligatiounen, Reuniounen an de Surplus vun Aarbecht, déi mam PRS komm sinn, erreecht e just de Contraire an déi richteg a wichteg Aarbecht bleift leider oft leien. D'Léierpersonal huet oft keng Loscht méi an dobäi wär et vill méi sënnvoll seng Energie an der Klass bei de Kanner anzesetzen.

*

Bei eis stinn an deem PRS PDS eng Rei Aktivitéiten, déi souwisou och scho virdru gemat goufen. Wou ass also do de Mehrwert, ausser dass vill Zäit a Réuniounen, topesche Bewertungsbéi, etc. verpolvert get? Wéini konzentréiert d'Schoul a virun allem de MEN sech nees op dat Weesentlecht? De Kanner Liesen, Schreiwen a Rechnen bäibréngen ouni de ganze Brimborium ronderem!!

*

Duerch de PRS koum et bei eis am Gebai effektiv zu Aktivitéiten, déi ouni PRS net duerchgefouert gi wären (zykelinternt Schaffen, zykeliwwergräifend Schaffen, schoulintern Formatiounen....)
Dat fannen ech positiv.
Awer den administrativen Opwand ass demesuréiert an hëlt engem all Loscht fir sech dran z'engagéieren. Et ass demotivéirend.

*

Dat Obligatorescht huet einfach eppes Rebarbatives a Rigides. Et ass méi flott u Projeten ze schaffen wann et net vun uewen erof diktéiert gëtt. D'Schoulgesetz vun 2009 huet vill an de Käpp bewegt, net de PRS

*

Wéi soe mir? Mir missten nieft dem Schoulmeeschter (-meeschterin) och nach Psycholog, Assistante sociale, Psychomotricien, Mamm, Educateur, Bopi, Logopäd, etc. sinn ...

AWER virun allem si mir grouss MËNSCHEN déi kleng MËNSCHEN op engem wichtegen Deel vun hirem Liewe begleeden, ..., am léifsten op "Aenhéicht"!
Mir si virun allem och HANDWIERKER (dohier och de "Meeschter" an eisem "Titel") a KÜNSTLER!

Déi schaffen net gutt, wa se MUSSEN dest an dat an deem Moment maachen.

Et muss een eis net soe wat mir ze maachen hunn, dat gesinn, héieren a spiere mir, wa mir an eise Klassesall kommen (dat ass mat kenger Klass d'selwecht an ännert och mol vun engem Dag op deen aner). Dofir si mir ausgebild a loossen eis weiderforméieren!

Wann et esou weidergeet, da bleift vu lauter nodenken a schwätzen a schreiwen iwwert "WéI" een eppes soll/wëll/muss maache keng Zäit méi Recht fir et ze maachen!!! Meeschtens iwwer Saac hen déi souwisou zu eisem Job gehéieren!!!!!

D'Politik muss sech hirer Responsabilitéit bewosst sinn!!!
Et kann ee mat eis spillen, ..., relativ laang esouguer, well mir um Terrain weidermaache, weidermaache, weidermaache, weidermaachen, ...
Mee wat ass de Präis?
D'Konsequenze ginn eréischt mat engem décken Zäitdecalage gespuert.
Et mecht mech traureg!

*

cf "Das Märchen der Ameise"

*

Ech sinn (...)  responsabel fir den administrativen Deel vum PRS/PDS a fir de Suivi vun der Ëmsetzung. Ech hale mech u Virschrëften, mä hunn awer och nach all Joer beim Austausch de Sënn haart a Fro gestallt. Fir mech géif et duer wann all Schoul am Hierscht en Aktivitéitsbericht vum leschte Schouljoer géif erareechen. Déi Schoule wou et leeft dierfte sou weiderman. Schoule wou net engagéiert wieren, kéinte vun der Instanz fir Schoulentwécklung kontaktéiert an ënnerstëtzt ginn. Desweidere ass et der Schoulentwécklung guer net vun notzen, datt mer all Joer manner Ressourcen hunn, esou datt och Saachen déi duerch de PRS gefuedert an opgebaut goufen a sech zesummefale gelooss musse ginn. Dat stellt kloer a Fro op ee sech iwwerhaapt soll investéieren.

*

De PRS war en Hellefsmettel fir zousätzlech Aktivitéite mat de Kanner ze man. Des hun de Kanner an hirer Entwecklung gehollef.

De PDS huet leider naicht méi mat de Kanner ze din.
Et geet jo awer beim Schoulhalen drems d'Kanner ze förderen an si weider ze brengen.

*

Mat mengem Zousatzstudium am Schoulmanagement hätt ech kinnten deen ominöse PDS Beroder an de Schoule spillen... Mee: éischtens gesinn ech d'Plus-Value vun deser Form vu PDS, sou wéi en duerchgezunn an agesat gëtt, net an; zweetens hunn ech keng Loscht de Buhmann / d'Buhfra ze spillen, wann ech déi engagéiert Enseignanten an de Schoulen, déi an hire Klasse Problemer hunn bei deene si aleng gelooss ginn, mat Schoolmanagement nerven. Den aktuelle PDS dréit null zur Schoulentwécklung bäi, ass eng administrativ Schikan, eng geziilt Kontroll a keng Hëllef.

*

Betreffend investéiert Stonnen, sou as unzemierken, dass déi net onbedéngt aus perséinlecher Iwerzeegung sin, mee mussen gemach gin!!!!

*

Ech geng mir als "alen Hues" nach vum fréieren Iserp wënschen, eise Beruff wier erëm den, fir deen ech mech virun(...) Joer mat Begeeschterung an Houfert , Courage an Inspiratioun, Freed an vill vill Engagement decidéiert hunn.
An net esou eng bürokratesch/hierarchesch dominéiert Struktur déi duerch Plazverweis an Dominanz "vun uewen" probéiert d'Situatioun um Terrain an de Grëff ze kréien, déi doduerch ausser Kontroll geroden ass, datt vill ze vill "Enseignants" um Terrain ënnerwee sinn (via Ausland) déi virun 30 Joer mol keng Première gepackt hätten an mat hirer Inkompetenz brilléieren, awer den hierarcheschen Zepter un sech rappen an de Mangel un echter Kollegialitéit wéinst dem neien Esprit vun Argwohn ausnotzen fir hir Inkompetenz ze kompenséieren.

*

De PDS wierkt wéi eng Démarche, e weidere Schoulbudget ze kréien, ouni dass ech je en Enseignant begéint hätt, deen et als eng Plus-Value vun der Qualitéitssteigerung vun der Arbecht usech ugesin hätt.

*

Ech consacréieren méi wéi 4 Stonnen pro Mount well eise PRS bis elo sech em eisen Daitschprogramm gedreint huet. Mee ech maachen et méi onbewosst.

*

Vill warm Loft fir no baussen eng schéin Fassade oprecht z'erhalen an ze weisen, wat dach alles gemat get. Fit d'Wëssen, d'Reflexioun an d'Kompetenzen vun onsen Schüler ass et éischter kontraproduktiv

*

Mir hunn am Gebei alleguer Aktivitéite fir de PRS emgesat, well mir eis all géigesäiteg ennerstetzen an et kann nik sinn dass just Prési oder Comité Aarbecht mam PRS hunn.Allerdings hätte mir normal och, an zwar vill méi esou Aktivitéite gemach wann mir nik schon esou midd a genervt vum administrativen Opwand geweest wären. Iwwerhapt hunn bei eis an der Schoul säit der Reform vill manner Aktivitéite stattfonnt wéi virdru (keen Theater méi, keen Ouschtermaart...) well säit der Reform dauernd Pabeierkrom a Versammlungen ufalen respektiv Formatiounen fir eis rem zu enger neier Reform ze briefen. Et huet een elo éischter manner Zäit fir Schoulentwecklung wéi virdrunn. Dat Instrument ass just gudd vir Schoulen wou keng leeft ze zwengen eppes emzesetzen, ma déi engagéiert Schoulen ginn ausgebremst.

*

Meng Meenung dozou ( ech schwätze net fir aner Enseignanten am Gebai), just fir mech : D' Ambiance bei ass gutt. Dat gëllt souwuel fir Enseignanten wéi och fir Vertrauens- Verhältnis Enseignant-Schüler. D'Enseignanten hei sinn engagéiert, dat mierkt een all Dag. Dofir brauche mäer net dee ganzen administrativen Oppwand,deen eis nëmmen frustréiert, mee just Freed um Beruff an eng gutt Portioun Courage a Motivatioun.... PRS, PDS (alles stonnelaang um Scolaria androen)- dat ass alles just NACH méi Aarbecht an Zäitoppwand, niewt all deem, wat een als Enseignant schons leeschten a mattmaache muss.Mäer bräichte mol méi Psychologen um Terrain, matt deene villen emotionalen Probleemer, déi vill Kanner hunn. Hei am Gebai gi Schüler gemellt, an da kënnt méintlaang näischt no.Schlussendlech steet een matt " verhalensoppfällege Kanner" oft alleng do. Mer hunn fir ganz Diddleng eng Psychologin, déi hallef schafft an ni opp den Terrai n kënnt ( vläicht fréier mol ab und zu). Do dréckt de Schung. Ech perséinlech wëll dee ganzen Ramva Zamba net.Et gëtt ee just nach kontrolléiert a gezwongen. Ech man mäin Job gutt a gewëssenhaft, säit (...) Joer, a wat do méi Zwang vun uewen kënnt, wat ech manner Loscht opp mäi Beruff hunn... Do si Leit, déi Entscheedungen treffen, déi nach ni um Terrain geschafft hunn.Gi mäer nach gefrot? Nee...Matt däer Meenung sinn ech net alleng, denken ech.

*

Déi meescht Saachen huet een souwisou schonn ëmmer an de Schoulen gemaacht...lo huet et just een aneren Numm kritt an ass mat vill méi onnéidegen Papperassen verbonnen

*

Et wär vill méi sënnvoll sech erëm op d'Schoulhalen ze konzentréieren. Donieft ginn duerch d'Erstelle vum PDS schrecklech vill Stonne verbrannt, déi dringend um Terrain gebraucht ginn.

*

De PRS/PDS ass en Drock-a Kontrollmëttel avergëfft definitiv d'Schoulatmosphère.
"Nous ne sommes plus des maîtres, mais des millimètres bien alignés"

*

Schoulentwecklung respektiv PDS fannen ech ganz sennvoll. Dofir soll de Kader stemmen, éierlechen Engagement, Motivatioun. Fir de Kader vun enger Schoul ass all Enseignant,Equipe verantwortlech. Dozou gehéiert fir mech éierlech Selbstreflexioun, konstruktiven Feedback, Konflikter offen ausdroen, Supervisioun fir sou kennen eng propper Basis ze schaafen. Am anere Fall hun ech dGefill dass sou Projets wéi PRS just gemeet gin well et vun engem verlaangt gett an net fir eng richteg flott innovativ Schoul ze sin mat enger konkreter Philosophie an Waerter. Enner anerem gin et vill staark engagéiert an begeeschtert Enseignants déi sech z.b weiderbilden oder sech éierlech a Fro stellen, déi WEDER Coordinateur nach President nach am Comité sin. Ech fannen dass D'Wessen an Formatiounen souwéi Erfahrungen vun all eenzelnen Enseignant vill méi dirfen geschätzt gin an mat agebonne gin. Alleng den Status soll net ausschlaggebend sin.

*

Dat eenzegt Positivt ass deen enormen Krediit, ma deem mer all méiglech Saachen konnten bestelllen. Freet sech allerdengs op dës Suën nët op anere Plaarzen besser investéiert wären !!!!

*

Fir mech steet a fällt e PRS mat sengem Presi.
Ass dee net top get de PRS e Flop

*

Et ass ee gekünzelte Duerchernee, wou kee richtig weess, wat eigentlich verlangt ass a wéi dat formuléiert muss ginn.
Ausserdeem ginn iwwert de PDS Stonne ongerecht verdeelt, an zwar no dem Moto "ech ka wonnerbar Projetën erareechen, kennen déi richtig Leit an kréien dofir méi Stoonen". Déi aaner Schoule ginn dann ofgespeist a kréie gesot, et wiere net souvill Stonnen zur Verfügung. Hää???

*

De PRS kënnt leider vill ze selten bei de Kanner un!

*

Wann een de PRS/PDS engagéiert ausféiert, kommen rem aner Beräicher ze kuerz. En plus gi mir vun allen Säiten iwwerlueden mat Projeën, Rapporen, Auswertungen, Planungen, Bewertungen, Reglementatiounen etc. Ech géif mol rem einfach gär Schoulhalen, eppes wat ech virun 2009 nach wierklech gär gemaach hun, well do haat een nach Zäit a Loscht fir wierklech flott Saachen :(

*

Ech plädéieren fir ee Schouldirekter an all Schoul. Da kann deen sech Gedanken iwwert ee PDS maachen. Ausserdeem kéint een Direkter vill Responsabilitéit vun eise Schëlleren huëlen a mir kéinten eis nees méi op den Unterricht konzentréieren.

*

- ze vill administrativ Arbescht fir vill ze wéineg Rendement
- keng zousätzlech Hëllef fir d'Schoul oder d'Schüler duerch de PRS (wéi ugekennegt gouf)

 

*

Ee PRS géif vläit eppes bréngen wann et ee gemeinsame wier fir daat ganzt Land, fir dass virun allem am Cycle 1 eng gemeinsam Basis géif geschaf ginn fir an de Cycle 2. Esou mëcht jiddereen ebesse waat e wëll an zum Schluss ass bei näischt eng Koherenz oder dee naechste Cycle schafft net weider dodrun!
Ech fannen maer hu scho vill geaennert fir d'Schoul de Besoins vun de Kanner unzepassen an all Enseignant probéiert (hoffentlëch) säi Bescht fir dass d'Kanner sou gutt wéi méiglech op hir naechst Joëre preparéiert ginn!
De PRS war fir mech eppes zousaetzlëches waat een huet missten maachen, wou ee misst rem Stonnen driwwer schwaetzen, op ee gemeinsame Punkt kommen, Meenungsverschiddenheete klaeren... Zäit verléieren...! Et huet näischt bruecht mee éischter fir eng schlecht Ambiance ënnert eis gesuergt!

1) Schrecklech vill Opwand, ouni datt doduerch och nëmmen een EENZEGT Kand besser schafft.
2) Wann all Enseignant déi Stonne géif benotzen fir e puer flott Unterrechtsstonnen fir seng Klass ze préparéiren, da wär méi genotzt wéi matt all PRS/PDS
3) Géif mech interesséiren wéivill Milliounen Euro dee Blödsinn eis kascht!?

*

Ech perséinlech gesinn de PRS éischter als eng Marketingstrategie fir seng Schoul gudd no baussen ze verkafen,wéi als eng konkret a valabel Hëllef fir di eenzel Kanner.

*

Ët gin e puer gudd Usätz mee demno wat ee wëll réaliséieren gët ee jo lo schon ausgebremst a wéi ët schengt mat dem neie Projet nach méi

*

Beim PRS krute mer wéinstens 14 Stonnen hors Contingent fir eis Aktivitéiten ëmzesetzen.
Lo bleift eis just nach de Virdeel, datt d''Gemeng eis e Budget fir d'Ëmsetzung zur Verfügung stellt.
Aarbécht mam PRS/PDS hunn haaptsächlech de Comité an d'Coordinateuren

*

Mir gi forcéiert, d'Qualitéit vun der Schoul ze "verbesseren" - WOU sin eis Ressourcen?!? Mir gin zougemüllt mat administrativen Tâchen an Notes de Service asw., mee keng Schoul huet e Sekretär, deen déi Aarbechte giff iwwerhuelen an EIS entlaaschten, fir DASS mer d'Schoul kinnte weiderbréngen!

Wéi ass et méiglech, d'Qualitéit vun der Schoul ze verbesseren, wann all Joer anert Personal do schafft a kee sécher ass, dat Joer drop nach mat därfen ze schaffen? WEE schützt eis Schoulen virun esou engem Nonsense? Well sënnvoll Schoulentwécklung geet net an engem Joer!

Mee vläit geet jo geschwënn alles besser - vum selwen ...

*

De PRS ass e risege Waasserkapp,matt Agences de Qualité (Help...déi hun kaum Ahnung vun eiser Schoul!!!!)déi do deiert Geld verdingen, Geld wat mir brauchen gingen fir orthophonisten, psychomotriciens oder fir en enseignant méi ze hun!
Ech sinn sait 2009 am Comité,en Thema muss quasi erfonnt ginn fir aeppes ze hun.D'Schoul ass momentan non-stop an der Entwicklung,fir nei Saachen ze maachen hun ech nach NIII e PRS PDS gebraucht an meng aner ganz aktiv Kollegen och net.

*

D'Zäit déi een an de PRS investéiert feelt fir aner Inhalter a Rou ze behandelen. De PRS bréngt vill Onrou fir Enseignanten a Kanner. De PRS féiert derzou, dat vill Kompromësser musse gemaache ginn. Vill Enseignanten ginn doduerch onzefridden, anerer maachen "Dienst nach Vorschrift" ... Ech fannen net, dat ech besser Schoul halen mat engem PRS wéi virdrun, ech fille mech awer permanent "gejot".

*

Datselwecht kéinte mir maachen op eegen Initiaiv an ouni déi vill Paperassen.

*

Eis Aktivitéitem vum PRS hu mir och scho firdrun gemat,sou dass et fir mech net extra en PRS gebräucht hätt.

*

Ech hale Schoul an dat wat am PRS stoung maachen ech souwisou!!!
Loost ons Schoul halen!!! An ons weiderentwéckelen ouni PRS PDS an wéi heescht et dono!!!!
Loost ons Zäit fir d'Kanner!!! Well déi brauchen se ëmmer méi!!!!!!

*

Am Ufank hunn ech mech vill engagéiert (3-4 Stonnen an der Woch). Mee et ass net vill dobäi erauskomm, ausser, datt déi Zäit fort war. Et ass net immens vill vun dene Pläng bliwwen, esou bal se eriwwer waren. Och do hu Verschiddener direkt opgehalen domatt, anerer hunn et nach eng Zäit weidergefouert, a wéi se gesinn hunn datt di aner och net an dem Sënn geschafft hunn, och opgehal. Just 2 Zieler lafen nach, dat ass de Streitschlichter an de Portfolio an e puer Klassen, den ass awer och schonns virdrun gemat ginn. Et hätt en dofir kee PRS gebraucht.

Bei eis ass op all Fall festzestellen, datt d'Ambiance an der Schoul an dene läschte Joer staark gelidden huet.

*

Flott Initiativen zB en personaliséiert Hausaufgabebichelchen wat mir fir all d'Kanner aus eiser Gemeng drécke loossen setze mir ganz gezielt net an de PRS/PDS, well mir gewinnt sinn Neel mat Käpp ze maachen, de PRS/PDS awer 1. zwengend (Manktum u Flexibilitéit) an 2. laangwiereg, schwéierfälleg a bureaukratesch ass.

*

Bei eis an der Schoul huet de PRS just zu engem méi schlëchte Schoulklima ënnert den Enseignanten gefouert.
Well di eng Leit total virun de Won gespronge sinn an et hinnen nët séier genuch konnt goen. Se hunn nët verstanen, dass di meeschte Leit do nët esou derhannert stoungen.

*

Deen ganzen bürokrateschen Opwand déngt d'Kanner guer näischt. Ech sin iwwerzeegt dovun, datt d'Enseignanten immens vill Energie mussen fir Saachen opbréngen, déi awer och guer näischt daachen, an wou sie absolut net de Sënn dran gesin. Um Enn vum Dag ass d'Qualitéit vun der Schoul nëmmen vun deenen Leit ofhängeg, déi fir bei der Tafel stin, wann déi motivéiert an engagéiert sin, ass dat fir d'Kanner dat allerwichtegst, net iergendeen Geschreifs, dat sech Leit iwwerluecht hun, déi net fir bei enger Tafel stin. Geschwënn ass et esouvill däers Blödsinn, datt et net méi ze packen ass. Ech jiddenfalls kann esou Wieder wéi "Outil" net méi héieren, mir gin ëmmer méi dämlech, well verschidde Politiker onbedéngt d'Leit dobaussen wëllen beandrocken.

*

Ech mengen, dass de PDS - PRS net vill ännert, ausser, dass erem méi Rapporten etc musse geschriwen wou onnéideg a nerveg sinn...

*

Den Opwand soll a Contingentsstonenn emgewandelt ginn, wou Léierprsonal konkret u Projete ka schaffen (Dat muss net an engem PDS festgehale ginn). Dat ka jo och, wann d'Vertrauen net existéiert, vum Inspektorat kontrolléiert ginn (Och elo musse fir zousätzlech Contingentsstonne Rapporte geschriwwe ginn).
De Waasserkapp muss ofgebaut ginn

*

Dat Ganzt hänkt zumools a klenge Schoulen ëmmer un enger Koppel Leit.
Wann elo nach eng speziell Decharge dofir kennt, da riskéiert een éischter Leit ze deresponsabiliséieren.
Wat vun Hëllef ugebuede gëtt ass ausser flotte Broschuren (wou d'Form oft méi wichteg ass wéi de Contenu!)leider oft relativ wéineg.

*

Den Engagement vum Eenzelnen mëcht aus ob d'Qualitéit verbessert gëtt.
A wann d'Equipe och nach zesummen an di selwëscht Richtung zitt, ëmsou besser.
Mär hunn virdrun als Equipe zesumme gekuckt wat fir eis Schoul wichteg wär.
Awer duerfir brauch een keen PRS/PDS, deen onnéideg Zäitvernichtung mat sech bréngt... um Niveau vum Administrativen an vu sëllechen Réuniounen wou näischt dobäi raus kënnt.

*

Onnéideg Bureaukratie fir Aktivitéiten, déi och ouni Formulaire, agence de qualité oder aner sënnlos Demarche stattfannen

*

DE PRS/PDS ass mir ze wëssenschaftlech. Mir hunn och "fräiwëlleg" Projetën an der Schoul gemaach, ouni, dass dat ons opgezwonge gouf. Doduerch, dass et e PRS/PDS gëtt, ass mir perséinlech d'Loscht u "fräiwëllege" Projetën vergaangen.

*

Déi Zieler, déi mir als Schoul beim PRS festgehalen hun, waren souwiesou déiselwecht,op déi mir och schons virdrun bei eiser Arbecht mat de Kanner vill Wärt geluecht hun (Sproochförderung, Integratioun vun élèves primo-arrivants,sozial Integratioun, gudd Arbechtsklima)Duerfir hätten mir nët onbedengt esou e Plang gebraucht, mir hun schons ëmmer an deem Sënn mat de Kanner geschafft.

*

Haaptsächlech administrativen Opwand, dein Energie an Zeit kéint een aanerwärteg méi sënnvoll asetsen

*

Et ass bestëmmt nët sënnlos, gemeinsam als Schoul Ziler ze verfollegen, verschidde Punkten tëscht deenen eenzelne Cyclen ofzestëmmen, Aktivitéiten obeneen opzebauen,sëch weiderzeentwicklen - ouni 'Impuls' vu baussen ging op deem Niveau hëchstwahrscheinlech nët vill geschéien (well kee sur place ass, dee deenen aneren eppes 'ze soen' huet, well d'Gebaier ze grouss sinn, well vill Changement an den Equipen ass,...) Mee genau dat sinn och schon déi éischt Grënn, firwat de PRS/PDS keng Schoul wierklech weiderbrénge kann, et fehlen déi néideg Rahmenbedingungen: keng Schoulautonomie, kee Matsproocherecht bei der Astellung vu Personal, keng offiziell Qualitéitscritèren, absolut keen Implementatiounskonzept vun uewen, Gemengeréit, déi nach ëmmer op ville Punkte matdecidéiren, obwuel si nëmme nach bedingt eppes mam Personal ze dinn hunn.

*

Den Zaitinvestment fir den PRS / PDS as nemmen nach mei Papeieraarbescht an Organisatioun, dei ob Käschten vum direkten Enseignement bei den Kanner an der Klass geet. Vill Zait an Energie geet verluer, ouni irgend en Senn am deier Aarbescht ze gesin. All Klass as aanescht, all Kand as aanescht. All enseignant as aanescht an kukt dass en ob seng Maneier d'Problemer behieft, dei an der Klass virkommen.

*

Eise PRS war mat Aktivitéite gefëllt, déi mir souwisou ëmmer bei eis an der Schoul gemat hunn, also neischt Neies.

*

D'Diskussiounen, d'Réuniounen,... fir d'Emsetzung vun eise Projeten, Iddeeën, Zieler,..hätt bei eis an der Schoul och ouni PRS, resp. PDS stattfond. Vlait an anere Schoulen nët, mee da nëtzt e PDS och naicht (Motivatioun, Wëllen,..?).

*

Bei eis an der Schoul goufen et ëmmer Projet'en an dëst ganz ouni obligatoresche Charakter. Genau dësen Zwang awer gëtt der Saach en negative Bäigeschmack an et huet ee vill manner Loscht. Op fräwëlleger Basis schafft et sech einfach besser.

*

Ech denken, dass dei Zeit die mir missten vir den PDS investieren, besonnesch och den Edvance, keint besser genotzt gin vir Virbereedung an konkret Projets. Waat mir ausserdem breichten ass mei Leit an Hellef um Terrain, an den Klassen bei den Kanner. Dest och besonnesch an der Spillschoul, wou een heiansdo esou schwiereg Kanner huet mat deenen een eleng geloss gett, sou dass dei aner Kanner och ennert där Situatioun leiden an een sengem Bildungsoptrag net mei kann gerecht gin.
Mir wessen jo , dass mir zevill verdengen an mir dofir emmer mei Stonnen an Arbecht dobei kreien. Vlaicht wär et jo eng Idee wann een dem Ministère geng matdeelen dass een bereet wier manner an der Pei ze kreien / oder dass d'Peien gengen angefruer gin wann dofir alles beim Stauts Quo bleiwen geng.(PRS wann neideg )
Ech soen villmols Merci, dass mir hei d'Gelegenheet kreien eis auszedrecken an ennerstetzten eng PDSfrei Schoul.
Merci !

*

Duerch de PRS koum et zu enger Charta, déi sech anschliessend positiv ob eis Disziplinproblemer ausgewierkt huet.
Natierlech brauche mer kee PRS PDS fir eng Schoulcharta.
Dëst just als Erklärung, wéi et ze deenen zwou "5" kënnt.

*

Ech sinn net begeeschtert, mee hoffen dass mer an der Equippe manner iwerfuedert sinn wi als Eenzelnen an dass mer eppes Positives fir d' Schüler aus dem neien administrativen Pabeierpuzzel zesummesetzen kënnen.

*

Déi selwecht Aarbecht all Joer, vun ganz engagéierte Leit. An dann kritt een Ressourcen gestrach, bzw muss all Joers zidderen ob een alles kann emsetzen. Dat as net korrekt

*

D'Zieler vun eisem PRS géing ech och ouni PRS a mäin alldeeglecht Schaffen abréngen; de Plus , dee mir hunn, ass datt mir duerch de PRS Ressourcen zousätzlech kréien, déi de Kanner zegutt kommen.

*

Alles, wat no baussen hin gudd kléngt, muss nët onbedengt sënnvoll sinn fir d'Kanner an hiert Virukommen an der Schoul. Esou as en Ziil ewéi "méi Sciences an der Schoul" u sech eng gudd Iddi, mee villäicht leien d'Besoin'en an deem Quartier ganz enzuësch aanëscht.
Villäicht mécht et och oft méi Sënn, a menger Klass, mat menge Kanner, eng Léisung ze fannen fir besser mateneen eens ze gin, amplaz e Regellidd ze léieren, e Regelfest ze man an e Regelbuch mat heem ze kréien... Iirjhendwéi as dat ziméech opgesat. Et kléngt gudd, mee et dréit keng Friichten!
Ausserdem as et schwéier, di 4 Zykklen op ee gemeinsame Nenner ze kréien.

*

Mäin Engagement um Ufank vum PRS wuar grouss well mer do als Schoul ouni vill Amëschung flott Projeten gemaach hunn an och konstruktiv geschafft hunn. Den Echange teschent den Enseignanten wuar méi grouss.Et wuar beim 2te PRS awer eriwwer mat der Autonomie an d'Inspektorat huet den Toun uginn. D'Suite dovunn wuaren Ierger, Frustratioun an onnéidegen Aktivismus deen weder de Schüler nach eis eppes bruecht huet.

*

Mir haten virun der PRS Zäit ëmmer scho vill flott Projeten. Déi ware vun eis gewollt a sinn och vu bal jidderengem gedeelt a gedroe ginn (zB Chrëschtmaart,Hausaufgabenhëllef fir Kanner mat Problemer....)De PRS huet zu "kënschtlechen" an zum Deel total iwwerflëssegen Diskussiounen, Formatiounen, déi wéinegstens fir mech zu kengem Ergebnis gefouert hunn, a vill verlueren Zäit gefouert.En huet vill Energie kascht, déi een och anescht hätt kéinten asëtzen. E eenzege positive Punkt: mir hunn iwwer villes méi fundamental nogeduecht. Awer dat hätt een kéinten anescht och maachen

*

Wéi ech Coordinatrice war, hunn ech mech fir d'Opstellung vum PRS verantwortlech gespiirt. Et konnt een d'Kolleginnen méi zu eppes Extraes motivéeren, well een et am PRS festgehalen haat.
E PRS/PDS muss net all 3 Joer nei erfonnt ginn, d'Zieler breichten just eng Kéier konfirméert ze ginn. D'Situatioun an de Schoulen ännert jo net sou séier.

*

Zevill bürokrateschen Opwand fir Themen, déi een als Enseignant am Gefill huet a mat sengen Schüler all Dag liewt an opgräift wann et néideg ass an wann d'Situation am Schoulalldag sich ergëtt. Den Enseignant huet och fréier flott Aktivitéiten a Projet'en gemeet ouni sech an Szene ze setzen. PRS/PDS sinn iwwerflësseg.

Falsch Richtung, déi den Enseignement usteiert -> zevill Bürokratie an Fake-Show, fern der Realitéit, Individualitéit an d'Fräiheet vum Enseignant gi verluer, 1.Schrëtt den Enseignant als Marionette vum Staat an der Wirtschaft ze dégradéieren...

*

Et hänkt ëmmer ganz vum Sujet of! Fréiher hu mir och eng Reih Projeten emgesaat, awer ouni vill Pabeierkrom mussen z'erleedigen

*

Mir haten emmer vill Aktivitéiten hei an der Schoul an déi meeschten Enseignante hu sech och engagéiert. Mam PRS huet sech dat net weider geännert ausser dasse mer zimlech genervt waren alles emmer erem ze bleen, vill schrëftlech Gedeesems wou vill Zait drop geet, déi virdru konnt an d'Kanner an an eis Aktivitéiten investéiert ginn
Déi Enseignante déi sech virdun net angagéiert hunn, hun dat elo net méi gemat duech e PRS

*

T'hänkt natiirlech dovun of wei den Inhalt vum PDS ausgesäit; deemno wéi kéint t'Sënnhaftegkeet gesteigert ginn.

t'Relation Opwand/Notzen (bis lo) ass bei wäitem net optimal. Zäit an t'Energie (fir wéineg Notzen) gët am Endeffekt zum Deel opgebraucht a geet op t'Käschte vum Schoul halen, dem eigentlëchen Job vum Schoulmeeschter.

Schoulpolitik léisst sech natiirlech wonnerbar domat bedréiwen

*

Am Beschten de PDS ofschafen.

*

 

Wann eng Schoul gutt fonctionnéiert, maachen d'Enseignanten souwisou eng Vilfalt un Aktivitéiten fir d'Kanner wei zb een Bicherdag, Liesnuecht, Sportsdag etc.
Alles eng Saach vun guddem Wëllen, dofir brauch een keen PRS/PDS.

*

Zur Fro 4: Jo, am Ufank vun der Reform wor sou eppes wéi Opbrochstëmmung am Gebäi a mir hu probéiert déi éischt PRS'en och matt vill Engagement ëmzesetzen. Awer den Opwand stoung a kenger Relatioun zum Resultat. Net konstruktiv Elterenaarbecht am Comité (Elteren woren a si net konstruktiv) an iwwerdriwwene Formalismus hunn dozou gefouert, dass de PRS just nach lästeg ass. A fir de PDS maachen ech mir och keng Hoffnungen. Ech géif vill léiwer nees u Klassepprojeten oder Projeten zesumme matt anere Klassen zesumme schaffen. Dat kënne jo och ganz Schoulprojete sinn, mee da sollen se awer ouni Zwang aus der Schoul selwer kommen a net vun uewen erof octroyéiert ginn. Ass et da schlëmm, wann ee Joer mol kee riese Projet ass an dofir sech mol rëm op d'Kanner besënnt gëtt? Ech wär sou frou, wann endlech an enger ëmmer méi komplizéierter Schoulsituatioun nees géing Rouh akéieren an Zäit kéint fonnt ginn, fir sech ëm déi wichteg Froen ze këmm eren: Wat kann ech fir meng Schüler am Alldag maachen, fir se aus där belaaschtender Evaluatiounsspiral nees zum Léieren a Genéisse vun engem positiven an harmonesche Léierëmfeld ze kréien? Wéi kann ech nees Freed an d'Schoul bréngen? Ech vermëssen déi natierlech Dynamik vu vierun der Reform!

Zur Fro 7, wéi gesot, ech géing gären eis Kanner an eis Schoul weiderbréngen, awer wannechgelift onkomplizéiert an aus engem authentesche Besoin eraus a net vun uewen erof gezwongen. De PRS/PDS däerf keen "de l'Art pour l'Art" sinn, (...woubäi et wäit ewech vun Art ass.)

Zur Fro 9: Jo, et koum zu Aktivitéite, déi et ouni PRS net gi wären. Am Ufank woren och flotter dobäi. Mee et koum ouch ouni PRS schon zu flotten Aktivitéiten, déi et ouni Projet net gi wären. An där ginn et der elo wesentlech manner. Ech gi net dem PRS eleng d'Schold, mee der ganzer Situatioun, déi aus der Reform entstan ass. Stéchwuert, Kompetenzechaos, net kommunicabel Bilan en m att Niveauxen déi total iwwerdriwwen, subjektiv a net lineär sinn, Equipe Multipro, déi ausser Schreifkrom keen Effekt huet, ausser, et huet ee selwer no anere Léisunge gesicht. Et sinn zwou Fronten entstan: Déi ëmmer méi komplex Realitéit an eise Klassen an de Menje, dee Saache verlaangt, déi keng Hëllef sinn an doduerch eng Laascht sinn.

Zur Fro 10:
De PRS ass bei eis all Joer méi ageschlof, wéinst feelender Motivatioun, well d'Sënnhaftegkeet net gesi gëtt. Dëst Joer hunn ech nach net vill fir de PRS gemaach. D'Loft ass eraus an d'Problemer am Alldag si gewalteg. PS Ech hunn e 4.2 a stelle fest, dass all Joers d'Kanner méi dramatesch net eens ginn an d'Lacunen esou grouss sinn, dass ech se net an der Schoul combléiert kréien. Besonnech, wat sos ëmmer als Basis virausgesat ginn ass. (E minimaalt Allgemengwëssen, sproochenonofhängeg, wat viru nach net allzelaanger Zäit awer do wor. De Saussure géing soen: Et ass net de Problem vun de Signifia ntsen , mee, dass d'Kanner grouss Lächer an de Signifiésen hunn.) Ech gesinn de groussen Challenge do, dass d'Politik misst déi Problemer unerkennen an endlech zouginn, dass d'Schoul dat iwwerhaapt net ka méi eleng léisen, ouni, dass dat als gesamtgesellschaftleche Problem thematiséiert gëtt an och als ganz Gesellschaft (Schoul, Politik, Famill) no Léisunge gesicht gëtt. D'Politik vehiculéiert op eng perfid Art a Weis de Message, dass d'Schoul déi eenzeg Responsabel sinn an d'Elteren a besonnech hier legal Vertrieder, fuederen dat och esou an. Mee d'Kanner hunn esou e morceléiert Liewen matt multiple Kontaktpersounen, wat keng Bezugpersoune sinn, queesch duerch den Dag. Wou ass dann dee Fräiraum, wou Rouh ass, wou nogelauschtert gëtt, wou se kënne Froe stellen, Saachen entdecken? Wou ee fest Werter virlieft, wou se Léift kréien? Et nervt mech, dass d'Schoul Projeten octroyéiert kritt an doru gemooss gëtt, fir Problemer ze léisen, déi si iwwerhaapt net léise kann! Ha aptsaach et gesäit gutt no baussen aus!

Merci fir ären Asaz an, dass dir an dësem Questionnaire d'Méiglechkeet gitt, fir sech ze erklären.
*

Much a do about nothing

*

Deen administrativen Deel an deen Drock vun uewen ass net konstruktiv. Ech kennen vill Enseignanten die virum PRS/PDS ganz engageiert, kreativ an mat Freed geschafft hun an elo ass just Onloscht an Frust do.
Et wär ubruecht wann all Schoul mat sengem President/in kennt kucken, wat gebraucht gett, an dann deen dee well, darf an eng Richtung schaffen. Et ass gewosst datt et emmer Leit gin die iwerall dobai sin , sech engageieren an anere net.
D'Schoul soll keen Marketingobjet gin deen muss nobaussen verkaaf gin. Et geet schliesslech emt BILDUNG vun eiser Zukunft, woubei ech denken all Professionnellen op Gutdünken sain Bescht gett.
Zum Punkt 10: Varieieren die Stonnen extrem je nodeem u wat mer grad schaffen oder Vakanz ass.

*

Als Member vum Comité as een am PRS/PDS mat agebonn, duefir si verschidde Froen méi schwiereg neutral ze beäntwerten

*

De PRS/PDS erfënnt d'Rad sécher nët nei! Firwat musse mir lo all déi Saachen, déi mir an eiser normaler Tâche souwiesou scho joerelaang maachen, künstlech opbauschen, mat huele Phrasen emschreiwen a wärtvoll Zäit mat onnëtzem Brach verbréngen?

*

Dat administrativt gedengels vum prs huet vill zait an energie an usproch geholl, dei ech op anere plaatzen an mat aneren aktiviteiten mei sennvoll hätt notze kennen. Dat eenzegt positivt war den expert dee mer am cycle kruten an deen de kanner enorm vill gehollef huet. Leider as dat jo lo eriwwer an dei nei kanner duerfen net mei vun deser kompetenz profiteieren. Also fir meng begreffer as de prs zevill zaitopwendeg a punkto adminitratioun. Ech fille mech oft gestresst duerch dei delais'en an dei konfus froestellungen (z.b. De rapport vum prs). En plus hu mer eis duerch de prs öfters an der equipe an d'hoer kritt, wat mer virdrun ni haten. Och do goung vill zait verluer fir dei onneideg konflikter ze berengegen

*

Zäitopwänneg, ( haaptsächlech an enger klenger Schoul sinn Chargen fir de Schoulfonktionnement schon nemmen op e puer Leit opgedeelt esou dat jiddereen schon genuch involwéiert ass, an den Prs oft nach als eng zousätzlech Belaaschtung ugesinn an och empfonn gët..)
Feelen vun mënschlechen Ressourcen verhënneren oft d''Emsetzenn vun den gesaaten Zieler!

*

De PDS ass eng Spuermoossnahm (Eng Rëtsch Schoulen verléieren vill Stonnen duerch den PDS --> wat bedéit dass Enseignant'en agespuert ginn). Wou soll dat sënnvoll sinn fir d'Léieren a Wéiderbrengen vun eisen Kanner an de Schoulen?

*

Di Aktivitéiten, déi am Kader vum PRS stattfonnt hunn hätt een och kënnten ouni de PRS maachen, mee mat manner Drock vun uewen. Deen eenzegen Virdeel war, dass jidderee bei eis matgemaach huet, well et eben am PRS stung. Positiv ass awer dass ganz Schoul dru bedeelegt war, während villäicht ouni de PRS nëmmen deen een oder aneren Cycle eppes gemaach hätt.

Als Présidentin sinn ech och net ganz begeeschtert vum PDS, ech wäert wahrscheinlech kee fannen, dee Bereed ass sech em de PDS ze bekëmmeren, sou dass ech selwer muss dru gleewen an di 2 zousätzlech Déchargestonne muss huelen. Da sinn ech nach manner bei de Kanner wat ech immens Schued fannen, well meng aarbecht ëmmer méi eng Bureausaarbecht gët.

*

Den administrativen Opwand vum PRS, bzw. PDS, steet a kenger Relatioun zur Plus-value, déi e soll de Kanner, bzw. den Enseignanten, bréngen.
Alleng déi schwéierfälleg Prozedur vun der Evaluatioun an de Perspektiven zum PDS, déi aktuell duerchgefouert gëtt, weist, dass dat Ganzt absolut net duerchduercht ass. No de Rapporten, déi mer déi 2 lescht Joeren un de Ministère hu misse schécken, fir eis PRS-Stonnen kënnen ze behalen, solle mer elo scho nees e ganzen Dossier heizou uleen. D'Fro, ob iwerhaapt iergendeen am Ministère eis Rapporten gelies huet stellt sech hei. Wann dat de Fall wir, kéim keen op d'Idee, scho nees dat selwecht ze froen.
Als Comitéspräsidentin sinn ech natiirlech vun der administrativer Säit besonneg concernéiert. Ech dreemen dervun, endlech mol einfach nëmme kënne Schoul ze halen, e Beruff, dee meng Passioun ass, a fir den ech sengerzäit eng administrativ Carrière beim Staat opginn hunn. Kéint ech déi St onnen, déi ech dermatt verbrénge Rapporten ze schreiwen notzen, fir mäin Unterrecht ze preparéieren, hätten souwuel d'Kanner wéi och d'Schoulqualitéit méi e grousse Notzen dervun.

*

Datt eng gewessen 'autonom' Weiderentwécklung vun den eenzelne Schoulen envisagéiert ass, gesinn ech an. Mä ech denken datt mär eis all engagéieren fir d'Schoul fir di Projeten di eis um Häerz leien. D'Dokument kreeéiert e 'muss' dee kee Raum léisst fir spontan Entscheedungen.
Ech kinnt lo laang iwwer Valeure schwätzen. Mer deelen secher net all Valeur, mä all Enseignajt viséiert de Kanner bescht Méiglechkeete fir d'Zukunft ze bidden, an dat ass secher net ofhängeg cun engem offiziellen Dokument.

*

Ech war virdrun am (...) waat eng grouss Schoul ass, do mecht esou eppes Sënn an ech hun et flott fonnt, awer et huet mech gestéiert dass een quasi forcéiert gin ass nach an der Freizeit mussen fir d'Schoul zeschaffen a Frënn mat den Aarbeschtskollegen sin...
Elo an enger 10 Mann Schoul fannen ech den PRS/PDS völleg absurt, well et einfach eng ze kleng Schoul ass an stännegen wiessel vum Schoulpersonal a vun de Kanner statt fënnt...

*

De pds ass ee bürokratischen Nonsens deen mat der Realitéit vun der Schoul relativ wéinig ze dinn hott. Ech selwer (an och vill vun de Kollegen) maache mat, wëll ët eebe gesetzlich virgesinn ass ,losssen eewer gären anere Kollegen de Virtrëtt.
De pds hemmt a mengen Aen d'Schoulentwécklung, well déi Zäit déi fréier a gemeinsam schoulisch Initiativen gestach gin ass,lo dropgeet feer iwwerdriwwenen Formalismus ze bedreiwen(opsetze vun geschwollenen Zieler,Evaluatioun....)
De Summum war lo den ominéisen 'Reflexiousbou' deen an de läschten Konzertatiounen hott mussen ausgefëllt gin.
Vill vun de jonge Kollegen fäerten eventuell Konsequenzen bäi hirer eegener Evaluatioun a spillen noutgedrongen a quasi gezwonge mat.Mee wat soll ët, mat inhaltslosem Bürokratissem léisst sich gudd Politik maachen .

*

Den PRS hätt sollten bleiwen
firwat dat ganzt embenennen wann et dat nämlecht ass

*

Ech sinn nei an der Equipe an kann do nach net vill matschwetzen an hunn do och Problemer fir op e puer Froen ze äntweren (Nummer 5, 6, 9 zB).

*

An enger Schoul wu o virdran well vill geschaft gouf, maachen weder PRS na PDS Sënn. Do ass et just Schreifaarbecht mi. Fir di aner Schoulen mecht et ee Sënn, well se endlech kucken musse fir wegderzekommen!

*

François Bayrou, Résolution française, le Mal français
(...)L'Etat centralisé, parce qu'il n'est jamais en prise directe avec le réel, produit de plus en plus de textes, de normes, de circulaires, d'instructions toutes comminatoires. Un grand nombre de ces injonctions se contredisent entre elles, rendant l'action impossible parce que non définie. (...)
Tout cela a à voir avec le désequilibre de l'Etat, non pas avec l'Etat quand il est sur le terrain, mais avec l'Etat qui édicte, fait l'autoritaire, n'entend rien de ce que lui disent citoyens et usagers, et ne perçoit même plus leur découragement quand à bout de forces, ils se résignent au silence.
C'est la maladie des organismes qui ne peuvent plus respirer, quand l'oxygène ne passe plus et que le corps s'épuise, ne peut plus courir, ne peut plus chanter ni marcher et que toutes les fonctions se déglinguent l'une après l'autre.
L'élargissement de la confiance faite par l 'Eta t à la société est la condition nécessaire du réveil de notre pays. (...)

remplacez 'Etat' par 'MEN' et 'société' par 'école' ... ;-)

*

Zäitverloscht

*

Et hëllt vill Zaït eweg fir de PE. Et misst en méi Ressourcen hunn fir dat et wierkleg sënnvoll ass.

*

Dir wert iwwerrascht sinn iwwert verschidden Äntwerten, well se sech méiglecherweis widderspriechen. Ech fannen et gutt ze kucken wéi een d'Schoul an déi richteg Richtung entwéckele kann a well mech och an desem Senn engagéieren, gären. Awer ech fannen dass et a Schoulen mat ville Klassen schwiereg ass 1 Besoin rauszefilteren an dem sengem Beraich een soll e PDS maachen. Oft änneren d'Besoinen vun engem Joer op en aanerrt an et mecht een sech automatesch Gedanken wéi een mat de neien Erausfuerderungen emgeet, dat ass eisen Job. Dat gezwongent Rapportéieren an Analyséieren an déi Deadlines fir Plans d'actions asw maachen d'Aarbecht déi een souwisou geng maschen onnatiirlech a si just e Stressfaktor méi. Dofir nee, ech fannen e PDS sou wéi e bis elo wor net sennvoll, ech sinn awer engagéiert fir un der Schoulentwécklung ze schaffen. Et soll jo och mol esou sinn, dass de neie PDS méi flexibel ass, da loossen ech mech gären iwwerraschen !

*

Aktiviteiten di e ganzt Gebäi zesumme maachen, sinn awer schons flott

*

Ech fannen, dass den PRS immens vill Administratives ofverlaangt, Dokumenter musser ausgefëllt ginn, Versammlungen gehalen ginn, an Rapports geschriwen ginn. Bei eis am Cycle hunn mir dat alles gemaach am Kader vum PRS, et huet awer fir den Alldag an der Schoul naischt geännert. Aktivitéiten déi souwéisou zum Thema stattfonnt hunn, fannen och weider statt. Neier sinn awer net dobai komm

*

Déi Leit déi souwisou Projets an der Schoul man, maachen daat fraiwelleg an dat ass vill méi positiv.
De PRS war flott, mee deen administrative volet ronderem fir eenzel actuers aus Schoul, comité oder fir de Schoulräsident sin zevill opwendeg an reduczéieren massiv de positiven Effekt vum Schoulhalen. Den Unterrecht uns ech leid zevill. Ongerecht ass och dass eenzel schoulen mat engem minimalen Projet genausou gudd do stinn wéi anerer déi wierklech vill Opwand bedriwwen hun.
Ech maache gàre Projets, awer mat Leit déi dat och welle man, an net mat Leit déi di aner schaffen doen. Et ass wéi iwwerall, an all Schoul gin et der déi man, an di aner loosse man.

*

Bei eis an der Schoul hätten all déi Sachen déi an einem PDS stin, sowieso stattfond. Ech sin der Meinung, dass de PDS/PRS nehmen zousätzlech administrativ Arbescht mescht.

*

Fir mech ass dee PRS absolut sënnlos a kascht just Zäit an Energie. Et ass eppes, wat total "kënschtlech" ass. Duerch sou Oplagen si Projetsën oder Aktivitéiten, déi ee soss fräiwëlleg gemaach huet, quasi net méi existent well se eben net an de PRS passen. Dat Ganzt ass ee Geschreifs, fir Säiten ze fëllen, a fir mech, a vill Kolleegen, déi de Questionnaire hei vlait net ausgefëllt hunn, just lästeg. Jiddereen huet schon d'Flemm, wann en dat Wuert nëmmen héiert. Als Coordinatrice a Mêmber vum Comité gesinn ech d'Reaktiounen vun de Lait ganz gutt :-)

*

Fir d'Opstelle vum PRS/PDS geet wertvoll Zäit drop, déi ee besser fir d'Aarbecht mat de Kanner kéint notzen.
Viru PRS/PDS hu mer guer net 'sou hochtrabend iwwert Projets geschwat; mir hunn se gemaach, dat war alles ganz normal an et war een engagéiert a motivéiert fir ëmmer nees, mat deene Leit, déi op der selwechter Wellelängt wéi ee waren, nei an innovativ Saachen aus ze probbéieren. Elo ass alles 'sou gezwongen. Et gëtt vill diskutéiert, et gi fantastesch Berichter geschriwwen, ee wëllt deen aneren iwwertreffen an um Enn bleift manner Zäit an Energie fir déi richteg Aarbecht, mat de Kanner, vir ze bereeden.

*

zu Punkt 4 : jo, onfräiwëllig

*

Mir zu (...) hunn eis iwwert de PRS bzw. PDS eigentlech emmer nemme geiergert an hu gehofft, e géing esou séier ewéi méiglech ofgeschaaft ginn.

*

Fir mech ass de PRS onnéidege Pabeierkrich, wou vill Stonnen drop gin fir Formuléierungen ze fannen fir all déi Formulairen auszefëllen.

*

Déi Ressourcen déi fir deen PRS/PDS investéiert gin, sollen léiwer um Terrain fir den Kanner direkt ze hëllefen, investéiert gin.
Déi "bureaukratesch" Aarbescht hëlleft an der Schoul kengem wieder!

*

Ech maache meng Aarbecht am Déngscht an zum Wuel vu menge Schüler, a passe mech souwisou ëmmer nees hiere Besoin'en un - ech brauch ke PRS oder PDS fir di konkret Ufuerderungen ze définéieren!
Dat ass just Beschäftegungstherapie!!!
Gitt eis konkret Hëllef fir all eis Kanner 'à besoins spécifiques' - dat wier méi produktiv!!!

*

Haut muss alles e Numm kréien, wéi wann mir nach nie sou Aktivitéiten gemach hätten. Mir hun eng super ambiance an eiser klenger Schoul ob mat prs oder ouni.Ech fannen et schued, dass villes enner Drock gemat muss gin, alles muss dokumentéiert gin, all Schrett iwerwacht, an dat helt engem oft Loft an Loscht un villem

*

Di jonk Enseigante sinn do ganz wéineg kritesch. D'Gehirwäsch vum Ministère dréit seng Friichten...

*

Ech fannen et gudd, wann ee sech als Schoul gemeinsam Zieler setzt, an déi och versicht ze erreechen. Mee muss dat mat esouvill administrativem Opwand verbonne sin???

*

Ze vill administrativen Opwand fir dat wat am Endeffekt derbäi erauskënnt.

*

Alles wat am PRS/PDS festgehal ginn ass, géing ech och ouni sou en Dokument machen.

*

Duerch de PRS, dee jo obligatorësch ass, fale vill Aktivitéiten ewëch, déi virdru fräiwëlleg gemaach gi sinn.
D'Ambiance ënnert den Enseignanten gëtt negativ beaflosst well d'Enseignanten sech ënner Drock spieren an de Gros vum PRS ass Theorie, dat heescht nach méi administrativ Aarbëcht.

*

Just eng Schikan méi well ech wees selwer genau waat meng Schüler brauchen a muss dofir keen Pds hun!Et as och net gudd fir Zesummenarbecht tescht Kollegen ze forcéieren wann se net dozou bereed sin!

*

Ons gudd "al" Initiativen, virun der Zait vun PRS a co, fannen nët méi statt, faute de temps et d'énergie!
Zesummenaarbecht, wat se méi erzwonge gëtt, verléiert emmer méi un Effektivitéit. Et as jhust nach Pabeierkrich a Schaffe mat der Stoppauer, fir ob di neideg Stonnen ze kommen. All di Reunioune, Bewertungen, onnëtz Aarbecht, di souwisou naischt beim Kand bewierke kann, vu dass genau do di neidech Resource feelen, as jhust Schikane. D'Ambiance ennert de Kollege gëtt emmer mei schlecht, fraiwellech Iwwerstonnen am Interessi vun der Schoul, freier normal, sin haut emmer mi selten, nëtt well mer nëtt mei wëllen, mee wëll mer nëtt méi kënnen.
Ech si ganz einfach um Enn vu menger Energie a Motivatioun. Wat waren dat nach Zaiten ouni all de Pabeierkrich, ouni di honnerte vu verëckten Oofkiirzungen, Versammlungen a Pläng, mee just 1 Schoulmeeschder/eng Joffer + 1 Klass an e plan d'études.

*

Aktivitéite fir d' Schoul brénge vill méi wa se net institutionaliséiert sinn!

*

Merci fir Är wertvoll Aarbecht
Verleiert de Courage net
Et kann een nemmen schaffen oder dokumenteieren dass een schafft.
A beim Kand kënnt leider näischt awer och guer näischt un. Ganz am Geigendeel: Dei engageiertste Leit hunn es genuch a geheien d Bengele bei d Tromm

*

Mir hunn zu (...) ouni PRS (e gouf net vun de représentants des parents d'élèves ënnerschriwwen) eng ganz Rei Aktivitéiten duerchgefouert, déi mer am Kader vum PRS geplangt haten.
Mee och éier mer e PRS hu misse maachen hu mir fräiwëlleg sou extra Manifestatiounen (Lieswoch, Bichermaart, Ausstellungen, Theater, Zesummenaarbécht tëscht Klassen vu verschidden Joergäng,...) organiséiert. An deen Zäitopwand dee mir gebraucht hunn fir d'Formulairen auszefëllen an di extra Versammlungen fir de PRS (dee schlussendlech mol net offiziell ugeholl ginn ass) huet eis d'Loscht an d'Energie kascht fir nach méi Aktivitéiten ze plangen.
Schued.

*

 

*

Engagéiert Enseignanten maachen och ëmmer rem nei Saachen an Aktivitéiten, bilden sech weider, stellen sech a Fro, tauschen sech aus, ..., och wann se net dozou gezwonge ginn. Ausserdeem gett da méi Energie an di konkret Saachen investéiert a manner an dat administrativt Geschwaafels.

*

Ech fannen d'Froen schwéier ze beäntwerten. Leseförderung géife mir och maachen, wann et net am PRS géif stoen. Ech maachen Aktivitéiten dozou, well meng Klass dat brauch, net well et am PRS steet. Ass dann lo all Liesaktivitéit eng PRS -Aktivitéit?

*

Beim PDS handelt et sech alt erëm eng Kéier em eng Erfindung vum Ministère déi weist wéi wäit déi Hären an Dammen vum Terrain ewech sinn. Et geet hinne net em d'Kanner an och net em d'Persoun Enseignant. Si wëllen aus de Schoulen Boîte maachen fir déi si den Audit sinn. Op déi richteg Besoin'en a Problemer gi si ni an. Wann se déi ginge probéieren ze léisen, dat wir net populär. Et ass méi einfach déi Problemer mat engem PDS ze iwwertünschen.
Villmols Merci fir Ären Asaz.

*

All Schoul misst een/e puer Projets festsetzen, un deenen geschafft gett.
Wa se net heizou forcéiert ginn, leeft a ville Schoulen leider näischt.
Mee dat ganzt Geschreiws a Gequatschs ronderëm dës Projets ass iwwerflësseg a kontraproduktiv.
Firwat net kuerz Zieler an Démarche vum Projet festhalen (eng A4 Säit), noo engem Joër Feed-back u Ministère ginn (eng A4 Säit) a färdeg.

*

E puer Leit maache vill Aarbicht a rappen déi aner mat.
Villzevill Pabeieren auszefëllen!!!!!!

*

All Aktivitéiten, di mir am PRS/PDS stoen hunn gouf et schonn éier et den 1.PRS gouf, oder sinn aus Intéret un der Saach entstan. Ech fannen, dass PRS/PDS oder wéi och emmer Beschäftegungsterapie ass. Dobäi hu mir jo bei leiwe genuch ze dinn... An elo di ganz Saach och nach emol mussen emschreiwen,dat ass wierklech de Comble!

*

Mir hu besser a méi flott funktioniert, wéi mer der Contrainte PRS net ennerstungen.
Stemmung ass och net méi wi soss, well een emmer Gefill huet enner Drock ze stoen.
Et freet een sech souwisou, wat eng kleng Schoul sech irgendwann iwwerhaapt nach vu Sujet soll gin.
Oft mecht een nach just Eppes fir ze machen, net aus der Iwwerzeejung dat et fir irgendeppes gudd wier.Sou nom Motto: " Ah jo du muss jo nach Eppes an den Dossier vum PRS léen."
Sorry mee et kléngt e bessi Frust mat!

*

De PDS ass mat vill Paperassen verbonnen. Vill Schoulen haten och scho virum PRS/PDS Projete lafen, déi awer elo eventuell ze kuerz kommen. D'Comitéën sëtze vill Stonnen zesummen fir de PDS ze verschrëftlechen, Zäit déi se méi sënnvoll kéinten asetzen. Elo kënnt mat der Inklusioun nach en anere Volet op d'Schoulen duer, neess eppes wat muss ausgeschafft ginn.... a wéini hale mer Schoul ???

*

All déi Energie, déi an PRS/PDS fléissen muss, feelt am alltäglechen Schaffen mat de Kanner. Vill jonk Kollegen trauen sech nët, en négativen Avis ofzegin, wëll se eng schlecht Bewertung bei der Evaluation färten. Mir schaffen an engem Klima vun sënnloser Bürokratie an Angscht.

*

Vill Aktivitéiten, déi mer am Kader vum PRS organiséiert hunn, ware flott a sënnvoll. Mee mir hätten se och ouni PRS gemaach, an dann och ouni dee ganzen administrativen Opwand niewebäi. Doduecher geet vill Zäit an Energie verluer.

*

De PRS ass fir mech eng verkappten Eropsetzung vun der Tâche.

Ausserdeem schürt et Konflikter tëscht den Enseignanten, well e puer engagéiert Kolleegen alles gewëssenhaft wëllen ausféieren an en Deel vun hirer Fräizäit dofir hirginn. No enger gewësser Zäit gi si (mat Recht!) iwwert déi Situatioun onzefridden a fille sech benodeelegt oder zuguer ausgenotzt.

Et géif ee bal mengen, de MENJE hätt et op e schlecht Klima tëscht den Enseignanten an der Schoul ofgesinn ?!?

*

Mir hun och schon virum PRS Projeten zesummen ausgeschafft. Elo ass daat awer eng ze grouss administrativ Arbecht an en Drockmettel.

*

Erschaffen vum PDS ass zäitopwënneg, et kennt och eppes op d'Blat, awer et huet allgemeng nach net weider zu vill Verännerungen gefouert, ech fannen , dass ais Kanner emmer méi gestrietzt ginn mat Grammaire a Rechtschreibung , sie hu keng Kandheet méi an dann kommen se an de Lycée an kréien d'Gefill, dass se naischt geléiert hunn, do leeft eng schief. Vlait mussen emol Programmer iwerduecht ginn, wat ass nach wichteg, wat manner, un esou eppes muss geschafft ginn. Hörgeschichten , frait Schreiwen ass wichteg, fräit Schwätzen an dat gëtt net genuch am Fondamental gefuerdert (hängt natierlech vum enseignant of). Do missten méi Richtlinien kommen un deen jidereen sech halen muss. Dat därft a mengen Aaen och roueg kontrolléiert ginn.

*

Mir brauchen all eis Energie fir eisë Kanner ze hëllefen, an de PRS/PDS ass, a méngen Aan, dee ganzen Opwand nit wäert.

*

Et hänkt och vum PDS of. Mir hunn als nächsten PDS ënner anerem Oblëschtung vun eisem ganzen Schoulmaterial, wat fir mech perséinlech vill méi wertvoll ass wéi d'Objektiven vun eisem leschten PRS mat dem ech als Précoce Léierin absolut näischt ufänken konnt. Mee, déi aadministrativ Tâchen an zemools déi extrem genau Formuléierungen hunn vill Zäit a Nerven kascht.

*

Et wär méi sënnvoll fir sech erëm méi op de Kanner hier Besoinen ze baséieren amplaatz ëmmer méi Paperassen ze maachen ze hun (wou de PRS/PDS och drënner fällt!)
D'Kanner an hier Entwécklung sollen am Mëttelpunkt stoën. Eis Energie soll ganz dofir do sin fir di gudd a manner gudd Kanner individuell ze fërderen.
De PDS wärt eng Konkurenz ënnert vill Enseignanten ustriewen wou virun allem déi punkten kënnen, déi sech och verkafen kënnen. Dibäi sin ët meeschtens déi Leit, déi sech net esou gudd verkafen kënnen, déi um Terrain beweisen waat se drop hun......

*

Dėi Zäit dėi ech investėieren,as dėi Zäit dėi ech MUSS investéieren,well ech net derlaanscht kommen an net eng Zäit dėi ech fräiwëlleg investėieren,vu dass ech de Sënn an Zweck vum PRS/PDS mam beschte Wëllen net gesinn.

*

zum Punkt 9: Mir hu vill flott Aktivitéiten an der Schoul gehat, duerch de PRS, mee des hätte mir wahrschéinlech och gemacht, ouni de PRS.

*

Fir de PDS get waertvoll Zaït verluer déi e méi sënnvoll fir d'Kanner kéint investéieren.

*

Ech fannen dat eist Schoulsystem ëmmer méi bedait d'Enseignanten ze kontrolléieren, ze bewerten an sie mol "richteg schaffen" ze doen an ëmmer méi vun der Aarbecht mat de Kanner. Ech hunn d'Gefill just nach administrativen Wësch auszefëllen, fir d'Kanner bleiwt nët méi vill Zait. Ech hunn d'Gefill nët méi an mengem Beruff gewärtschätzt ze ginn mee just nacht kontrolléiert. Ech fannen dat zimlech traureg.

*

Zevill Papeierkrich!!! Rapport fir d'Agence, Rapport fir hei, Rapport fir do
Lo sollen och nach extra "Spezialisten" angestellt gin, déi an d'Schoulen hëllefen kommen beim PDS!!!
Wann een als Schoul Pech hat, krut een séng Iddien verworf an et konnt een rem vun vir ufänken.
Nët all d'Enseignanten engagéiren sëch bei der Emsetzung vom PRS/PDS

*

Den administrativen (Auswertung) an den organisatoreschen (Viirbereedung, Plang etc) Deel sin esou wäit ewch vun der Realéitéit dat hir Ausféiereung en exercice de style ouni iirgend ee praktesche Wäert waren. Jhust Zäit verluer. Souguer déi Leit déi engagéiert waren, hun dat net reell an hiren Unterricht afléisse geloss.Dat giff jo och jhust goen wann d'Programmer substantiell gekiirzt giffen.
Bei eis war de Choix vum Thema (dee leschten) souguer imposéiert.

*

gemeinsame Projet fir eng Schoul ass gudd ouni dat ganzt Geschreiws rondrëm.

*

Mir verléieren vill Zäit mat Paperassen ... Zäit déi mer kinnten a Kanner investéieren!

*











 

















 Schoulentwëckelung kascht Energie mee se ass néidesch. Et kann ee villes nach verbesseren mee iegentwou muss ugesat ginn. De PDS geet elo an eng Richtung déi Frichte kann droen, et wär wahrscheinlech mei sënnvoll konstruktiv Kritiken ze äusseren an d'Enseignanten ze ennerstëtzen a Platz opzestëppelen an alles direkt ze verwerfen.

*

Sënnvoll wann d'ganz Schoul matmécht

*

D'Fro 7 seet vir mech alles aus !! Dei Aktivitéiten dei wichteg sin vir d'Kanner maachen ech mat oder ouni PRS !! Dei Leit dei nët engagéiert sin, wärten daat och an Zukunft nët sin. Ech fannen ët gutt kritesch op Sachen opmierksam ze maachen dei nët gutt laafen..mee op den PDS do den beschten Wee as bezweilefen ech. E rouden Fuedem an Zieler sollen sin, mee d'Arbecht mam Kand muss daat Wichtegst bleiwen, nët Rapport'en schreiwen oder alles festhaalen ! Sou geet wertvoll Zait verluer.
Dovir as d'Fro 7 och schwéier ze beäntweren. An enger vereinfachter Form denken ech wär ët ok, mee villes bleiwt onkloer.

*

Ech si President vum Schoulcomité

*

De PRS / PDS wéi en elo ass, huet bei eis an der Schoul super fonktionnéiert. Ensignants, déi PRS/PDS Stonnen haaten, hunn sech immens engagéiert an investéiert. Mir haaten an hunn während dem Joer immens flott Aktivitéiten organiséiert innerhalt an ausserhalb (ganz frai Nomëtteger) vun de Schoulstonnen. Liesatelier'en, Kachkueren gesond Ernährung, Konzentrationsspiller etc.
Kanner, Elteren an Enseignants sinn immens frou driwer.

Wéi et soll weider goen, kënne mir eis demoment nach net firstellen. An ob et mat deenen neien PDS Stonnen iwerhaapt nach esou emsetzbar ass wéi bis elo.

*

D'Idee als Schoul gemeinsam Projet'en ze entwécklen a sech Ziler ze setze fannen ech gutt.

MEch stéiert just ëmmer dee Kalenner, déi "Deadlines", déi vun uewen erof diktéiert a ganz onflexibel festgeluecht ginn.
Dat ass kee natiirlleche Wee, fir Schoulentwécklung ze maachen.

*

Als Presidentin vun der Schoul sinn ech jo forcément ,gezwongen' vill Zäit an den PDS z'investéiren. Wéi et 2009 mam PRS lass gaang ass, war ech ganz negativ op dat Thema agestallt (vill Zäit déi verluer geet fir Administr., wou ech besser hätt meng Zäit mat de Kanner um Terrain ze schaffen. )Allerdings muss ech soen, dass de PRS eis als Schoul immens vill bruecht huet, a mir villes wahrscheinlich NI virdrun gemaach hätten. (nei Spillplaz opgeriicht nom Prinizp Holunderschule mat ganz villen Akteuren, eng Bibliothéik an eiser Schoul geschaf a flott geréiert, bis hinn zu dësem Joer mat engem groussen Theaterprojet wou 140 Kanner op der Bühn stinn.) Eis Schoul huet awer duerch de PRS ee groussen Teamgeescht entwéckelt, wou mir all un engem Strang zéien!

*

Bei den Nummeren, 1,2,3,5, 6 an 9 kann een suwuel positiv wéi och negativ ukräizen; do hänkt et dovun of, ob de PRS/ PDS op engem, fir d'Schoul sënnvollen, Thema/ Beräich baséiert.
Et goufen PRS'en, déi ech net sënnvoll fonnt hunn a wou d'Zäit dann och "verluer" war. Dee momentanen PRS ass zB fir eis Kanner ganz sënnvoll, soudass en eng Plus-Value fir d'Kanner, eng Hëllef fir si a mech ass an d'Zäit och sënnvoll investéiert ass.

*

Punkt 8: Als Schoulpresidentin wäert ech mech mussen an Zukunft och ëm de PDS
këmmeren. Di meeschten Enseignantën wellen dat, trotz 2 Stonnen Déchargen, net
maachen.
Am läschte Mount hunn ech dowéinst vill Zäit an de PDS investéiert.
Ech fannen de PRS/PDS an der Schoul gutt, hoffen awer, datt den administrativen
Opwand fir deen neien PDS sech a Grenzen hält. Am Moment gesäit et leider net
esou aus.

*

Ech fannen, datt am PRS/ PDS Objektiver festgehale ginn, déi selbstverständlech solle sinn ( gudden Emgang mateneen, Sproochentwécklung -schéngt mir logesch an enger Schoul) an net extra iergendwou stoe mussen. Et ass awer anscheinend sou, datt et a grousse Schoulen, déi leider ëmmer méi opkommen, net méi anescht méiglech, fir ze verhënneren, datt jidfereen séng eegen Zopp kacht.

*

Vu datt ech am Comité matschaffen investéeirt een automatesch méi Zäit fir um PRS/PDS ze schaffen. Duerfir hunn ech >4 Stonnen uginn. Do ass also och Comité Aarbecht mat abegraff plus déi Aarbecht déi an an der Klass oder bäi Projet'en matmaachen fir de PRS ëmzesetzen.
Fir mech perséinlechwar de PRS wéi en virun puer agefouert gouf eppes ganz "Abstraktes. Mat der Zäit huet een sech awer do rageschafft, an mëttlerweil gesinn ech och de Notzen an d'Virdeeler vu sou engem PRS/PDS, besonnech wann een an enger relativ grousser Schoul schafft ... Et hëlleft engem dee beühment roude Fuedem dranzekréien an datt d'ganz Schoul an eng "Richtung" schafft ... Den administrativen Opwand hunn ech awer, besonnech am Ufank, immens grouss, fir net ze soen ze grouss fonnt!!!!

*

Ech fannen desen Formulaire net gudd formuléiert... en ass mir zevill schwaarz oder wäiss !

Ech fannen et wichteg, dass an eise Schoulen eppes geschitt... nach emmer halen Leit Schoul wéi virun 50 Joer an sinn net gewellt sech de Kanner an der aktueller Liewenswelt unzepassen. Vläischt kritt een duerch de PDS d´Leit mol e bessi mobiliséiert an sie musse mol Verschiddenes a Fro stellen!

*

Mir hunn als PRS-Thema den Ofbau vun der Aversioun géint d'Franséischt bei der Kanner an den Elteren. Dat war zanter Joeren ëmmer de grousse Schwaachpunkt vun eise Schüler an eiser Gemeng. Et gouf Kanner, déi hunn am 1e Schouljoer gesot, si giffe franséisch "haassen" - obwuel si bis dato nach nie Franséischt als Fach haten. Duerch den PRS hu mir eis ënner de Cyclen ofgeschwat a mir hun d'Franséisch e bësse "gepimpt". Dat goung schon an der Spillschoul un, mat Liddercher, mat Spillereie mat enger lëschteger Popp asw. Resultat: No e puer Joer wou mer am Gaang ware koumen d'Kanner an d'éischt Schouljoer, an hu sëch immens op déi Franséisch Aktivitéite gefreet. Dat huet sëch bis an den Uewergrad weidergezunn, sou dat mer elo vill Kanner hunn, fir déi Franséisch eppes normales ass, a wou si och houfreg sinn, dat si sëch trauen ze schreiwen an ze schwätzen. D'Eltere fänken do och unn e bëssen ëmzedenken. Insofern ware mir mat eisem PR S am Fon g ganz frou a giffen en och gär bäibehalen.

*

Als kritesch, selbstdenkend Léierin säit (...) Joer erlaben ech mir, "menger" Gewerkschaft matzedeelen, datt ech mech mat hirer éiweger Prinziphaltung "Mir sinn dergéint" net méi identifizéire kann.
Ech si längst net ëmmer averstaan mat den Décisiounen, déi am Ministère geholl ginn, ech hunn och keng perséinlech Relatiounen zum Ministère, mee ech sinn awer och net averstaan mat enger entretemps chronescher Gewerkschaftshaltung "Mir sinn dergéint! Et ass alles schlecht! De Ministère wëll eis just schikanéieren, kontrolléieren, entmündegen, asw. asw."
Ass dat wierklech déi eenzeg méiglech Reaktioun? Bréngt dat eis iergendwéi weider?
Ech, grad ewéi vill Arbechtskollegen, siche vergeblech no konstruktiver Kritik, no Alternativléisungen an, besonneg am Fall vum PRS, nom objektiven, éierleche Réckbléck. Wéi de PRS koum, ware mir och iwwerumpelt, iwwerfuedert virun allem mam formalen, administrativen Arbechtsopwand, deen de PRS mat sech bruet huet. Et war mat Sëcherheet e groussen, deels onnéidege Plus un Arbecht fir d'Equipe an eiser Schoul. Trotzdem hu mir versicht, positiv un d'Saach erunzegoen, eis drop anzeloossen, fir am Sënn vun eiser Schoul (Schüler, Elteren, Enseignanten), dat Beschtméiglecht draus ze maachen.
Elo, wou mir de PRS ofschléissen, bleiwen natierlech déi Momenter, an deene mir geflucht hunn, gutt an Erënnerung. Mir stellen awer och fest, datt mir eis Käpp duerch de PRS nach méi zesummegestreckt hunn, datt mir geléiert hunn, eis an eisen Enseignement och mol kritesch ze hannerfroen an datt mir gemeinsam Villes an eiser Schoul beweegt hunn.
An de PDS a senger neier Form erschreckt mech net méi, wéi deemols nach de PRS, ech sinn dervun iwwerzeegt, datt mir och weiderhinn e Corps Enseignant mat ganz vill Individualitéit bleiwen, deen ënnert anerem och de PDS notzt, fir d'Entwécklung vu senger Schoul.
Giff ech awer just liesen a gleewen, wat den SEW schreiw t, hÍ tt ech bestëmmt och Angscht virun dësem vermeintleche "Kontrollinstrument" vum Ministère, ech giff un d' "Visitekärtchen" gleewen, wier mësstrauesch mengen Arbechtskollege vis-à-vis an ech giff den I-DS vu vir eran als Feind ugesinn.
Giff ech d'Arbecht, déi den OGBL an anere Secteure wéi dem Enseignement leescht, net esou schätzen, wier ech längst net méi Member an enger Gewerkschaft, deenen hir Art a Weis mech ëmmer méi un de Populismus erënnert, dee mir zur Zäit an der Weltpolitik erliewen.

*

*

Ech sinn am moment surnum. an hunn eng hallef tâche, sou datt ech net vill zäit fir de prs consacréieren.

*

De PDS soll eng pus value fir Kanner an Enseignanten sinn a pädagogeschen Zwecker dingen an net an en administrativen Dschungel ausarten dee kengem eppes brengt

*

  1. Awer nëmmen, wann dat Ganzt net vun uewen eroof diktéiert an virgeknat
    gëtt.
    Eng Aktioun, e Projet oder e "PDS" deen vun uewen eroof Operluecht gëtt,
    huet an kritt nie déi selwescht Dynamik, wéi eng Aktioun, déi aus
    fräiwëllegem Engagement eraus entsteet.

*

Am Kader vum PRS hu mer an eiser Schoul eis missten an Aarbechtsgruppen aschreiwen an hunn eis ënnerschiddlech Ziler ginn. Wëll déi Aarbecht elo ugefaang awer nit färdeg ass, fannen ech d'Weiderféierung vum PDS sënnvoll. Duerch d'Obligatioun awer kéint et bei mer wi eng Erhéijung vun der Tâche un! :-(

*

Ech fannen et bedauerlech,dass dat wate mir als Schoul opgebaut hunn mam PRS elo kee méi interesséiert an e PDS besser soll sinn. Wier et net einfach wichteg d'Team zesummen ze féieren a gemeinsam Saachen/Projet'en op d'Been ze setzen, ouni vill Rapport'en a Justificatiounen. Kee Kommentar zum Fakt dass elo sollen Leit extra fir de PDS ausgebild ginn... Déi wiere besser am Asaz bei Kanner déi et brauchen?

*

Am Ufankk wor den PRS fir mech nik wirklich gräifbar. Mat all deen Ännerungen (neit Gesetz, nei Bilans etc...) huet een mol fir d'éischt probéiert an senger Klass eens ze ginn, an den PRS wor zweetrangig. An eiser Schoul gouf et een Arbechtsgrupp, deen sich gekemmert hot, an dofir hon vill Enseignants sech nik implizéiert. Deen neien PDS gett emsou méih interessant well mer eis als Ziel gesat hun, eng besser Zesumenarbecht mat der Maison Relais ze förderen. Mer haten well een ganz interessanten "Kick Off" an des Richtung. Desen PDS gett vill méih bewosst gesteiert wéi deen éischten an deen zweeten, well en aus engem réellen Besoin raus entsteht. An deem Senn as en gudd, àwer nik wann en vun "Uewen" opgedreckt gett.

*

De PDS muss dem Enseignant eng kloer Hëllef sinn bei Froën wou een als eenzelnen Enseignant bessen iwwerfuerdert ass...

*

Sënnvoll, wann et vereinfacht ass, Projets-Charakter huet, konkret, kee Pabeierkrich a kee Blabla

*

Ech fannen et sënnvoll, et misst just aanescht gehandhaabt ginn. Wann een eng gutt Zesummenaarbecht an der Equipe huet, fannen automatesch Projet'en statt.

*

Di lescht Fro hun ech mat Jo beäntwert, sin awer der Meenung dass vill manner Bürokratie a manner Bestandsopnamen absolut néideg wieren! Dat nervt nämlech fuerchtbar! Ech sin éischter ee Mënsch vun Taten a gin duerch all di Bilanen an Inventaire just gebremst a ménger Motivatioun!

*

et wier méi sennvoll, déi zäit an den direkten unterricht ze investéieren
dann hätt jiddereen eppes dervun

*

An der Zäit hun mär nach esou flott Schoul gehaalen!
Ech hun mat méngen Kanner Colonien gemeet,Supper Sortien....
Haut gët een iwwerrant vun der ganzer Bürokratie,déi op d'Käschten vun eise Kanner geet!
PRS an PDS as dach just eng Kontroll vun Säiten vum Ministère!

*

Eis Schoul huet duerch de PDS e puer flott Projeten un d'Lafe kritt, wéi z.B. e Spilleck, Liesatelieren, Liesappui, Involvéiere vun der Bibliothekarin an den Unterrëcht.

Besonnesch stolz si mer awer op eist Konzept vum Centre d'apprentissage, wou et vill Förder- a Forderateliere ginn (Psychomotorik, Liesen, Gaart,...)

Och eis Pausebuddie maachen d'Pauseklima méi agreabel.

*

De PDS bréngt Entwecklung an d'Schoul.

Ech stelle mir awer trotzdem folgend Froën:

- Wen herno Qualitéitsentwecklung wierklech interesséiert?
- Wen d'Qualitéitskontroll mecht? A wéi?
- Wat de But lo definitiv vum PDS ass?
- Roll vun der Gemeng an dem Ganzen?
- Begleedung an Ennerstetzung duerch I-DS gesäit herno wéi aus?

*

Ech sinn am Schoulkomitee a studéire "Schulmanagement" a gesinn doduerch Saache vläits méi "ganzheetlech" wéi déi Kolleegen, déi "just" an der Klass schaffen.
Fir mech ass de Problem net de PRS/PDS, mee d'Tatsaach, datt mir an de Schoulen keng professionell Direktioun mat dem entspriechende Sekretariat hunn.
D'Aarbecht vun enger Direktioun ass eng aner wéi vun engem Enseignant an engem Inspekter: Den Enseignant gouf ausgebild, agestallt a fillt sech beruff, fir Schoul ze halen (an dat ass och legitim). Den Inpspekter ka keng 10 Schoule gläichzäiteg leeden. En plus gesäit heen sech oft éischter als "Kontrolleur", wat jo och en Deel vu sénger Tâche ass. Et feelt deemno eng professionell Leedung AN de Schoulen, déi z.B. duerch de Schoulkomitee an e Sekretär kéint ennerstëtzt ginn a Schoulentwécklung konsequent kënnt virundreiwen...

*

Ech fannen et guer net sënnvoll fir lo rem Texter zu deenen alen PRSen ze schreiwen. Dat kascht immens vill Zäit, an et bréngt eis an der Gestaltung vun den aktuellen oder zukunftëgen PDSen guer net weider.

*

Wéi ee gesait war ech bis elo nach nie zefridden mat den Zieler vum PRS vun onser Schoul
1. Ziel gouf vun der Gemeng (...) fir all Schoulen zu (...) festgeluecht, wat guer kee Senn mecht - Ennerscheeder vun de Schoulen sin grouss
2. Ziel wor "Règles et sanctions" wat mech perséinlech guer net ugesprach huet.
Ech hat Gefill, dass et ëm règles et sanctions fir Kanner gaangen as an net fir déi ganz Schoul - mat allen Intervenanten.
Mir sin ee grousst Gebai - plus ou moins (...) Schüler an doduerch gaaaaaanz vill Enseignanten.....
Meng Iddi vum PRS /PDS wier un enger gudder Kommunikatioun vun allen Akteuren(jiddereen mat jidderengem) an doduerch och eng Verantwortlechkeet vun jidderengen am Groupe Schoul ze entweckelen fir ALL Kanner an net nëmmen fir "seng" Kanner. Wann mer all zesummen als Ziel hätten "dat Bescht fir all Kanner" an dat och liewen, wat géing matsechbrengen, gär an Schoul ze kommen, Kanner gär hun, Elt ere gär hun.....- dat wier main Dram..................

*

*

Et ass schwéier soen, wivill Zäit ech konkret investéieren, well deen organisatoresche Volet net alles iwwert dat ganzt Joer leeft - do ass zäiteweis méi um Programm, zäiteweis manner. Méi Zäit wéi bis elo wéilt ech net investéieren (Fro 8), awer och net manner!

Ech gesinn dëss Ëmfro kritesch, well menger Meenung no een éichter positivt Bild vun deene Leit kënnt, déi sech méi no mam Thema an an der Organisatioun befaast hunn an een éichter negativt Bild vun deenen, déi sech net vill dermat ausernee gesat hunn. Duerfir stellen ech d'Repräsentativitéit staark a Fro. Ausserdeem gesinn ech eis an engem Schoulentwécklungsprozess, deen net ofgeschloss ass, mee op engem immens gudd Wee

*

Zaitopwand a konkreten Notzen mussen nach ugepasst ginn

*

Ech sinn der Meenung dass all déi Zäit a Ressourcen méi sënnvoll wieren fir um Terrain sewler agesat ze ginn fir konkret mat de Kanner ze schaffen amplatz dee Pabéierkrich deen ganz gedëlleg an der Theorie ass....

*

Projet'en an der Schoul: JO!!!! Kontroll: NEE!!!

*

De PDS get eis eng gemeinsam Linn als Schoul a brengt positiv Verännerungen bei de Schüler erfier. E veruersaacht awer och e gewessen Leeschtungsdrock fir alles emgesat ze kréien, zumools an Zäiten wou ee sech erem mat neie Bilans muss auserneen setzen, Versammlungen ofhält, a Formationen geet fir upgedatet ze bleiwen asw... Mat Momenter verstinn ech d'Iddi vum PDS ganz gutt a gesinn seng Plus-value, mat Momenter spieren ech et awer och einfach just als zousätzlech Belaaschtung.

+ Ech hat eng interessant a praxisorientéiert Formatioun, déi ech soss net gemaach hätt

+ eng gemeinsam Zilsetzung, déi een "obligéiert", fir et ze maachen; Soss fennt een emmer Grenn, fir et "eng aner Kéier" ze maachen
+ Reflexioun vun der eegener Paxis, Austausch mat de Kollegen (awer a Moossen)

- deelweis restrictiv Délais´en
- An der Schoul ginn et vill Chantieren, net just den PRS.
-> et ass net einfach, fir emmer allem gerecht ze ginn. Wann een eppes mecht, kennt alt mol eppes anescht méi kuerz („Rien ne se crée, rien ne se perd“).

- D´Ressourcen a klenge Schoulen sinn oft ze limitéiert, fir flexibel domadder emzegoen an de PRS emzesetzen.
- Och d´Energie vun den Enseignanten huet hier Limiten. Wann ee vill diskutéiert (och bspw Concertatiounen), dann ass déi Energie fort, fir eppes ze preparéieren oder an der Mettegstonn mol ofzeschléissen. Den Dag huet nemmen 24 Stonnen. Och hei gelt "Rien ne s e crée, rien ne se perd"
-D´Prioritéiten vum PRS sinn net onbedingt d´Prioritéiten vum eenzelne Schüler
-Eenegung op e gemeinsamen Nenner ass oft e Kompromiss an entsprecht net onbdingt den eegenen Iwwerzeegungen. Et kann een nemmen eppes gutt verkafen, wat een och gutt fennt.
-och virum PRS hunn ech gekuckt fir d´Kanner beschtméiglechst ze förderen. De PRS (an de PDS) vermettlen d´Illusioun, datt elo alles besser gett

=> Fannen eng Reflexioun an eng Evaluatioun vun der Unterrechtspraxis eigentlech gutt an och, datt een sech soll en Zil setzen, mee hunn net den Androck, datt ech duerch de PRS an d´Concertatiounen besser "Schoul halen" oder datt landeswäit den "Niveau" doduerch gehuewe konnt ginn. Secher ass awer, datt ech méi ausgelaugt sinn.

*

Punkt 11 ass fir mech jo an nee. Sennvoll wann eng schoul zs sech investeiert an schafft, soss gleewen ech kaum.

*

 

Mir haten och virum PDS flott Aktivitéiten/ Projets zu denen et elo aus Zaitgrënn nët méi kennt. Elo huet e kaum nach Zait, spontan e Projet an der Klass ze organiséieren.
Ech war mam leschte PDS-Projet nët zefridden, well nët all Klass/Enseignant mattgemach huet, an mir dofir eis Zieler net konnten errechen resp et fir d'Schoul am Ganzen och net vill bruecht huet.
Ech verstin net, wéi et engersaits obligatoresch ka sin, an anerersaits awer net jiddereen alles muss mattmachen (esou war et bei eis)

*

Zu 11. de PRD ass sennvoll fir d Kanner, mee leider oft net mat den Ufuerdwrungen vum Schoulalldag emzesetzen.

*

Den administrativen Opwand fir den PRS/PDS ass einfach ze vill grouss (ze vill Versammlungen,Formatiounen, Rapport'en, ...). Als Comitésmember hunn ech ze vill Zäit missen investéieren fir d'Opstellen an d'Evaluéieren vum PRS.
D'Weiderféierung vum PDS fannen ech nëmme sënnvoll, wann deen administrativen Opwand mat de villen Rapporten wegfällt. Mee no all deem wat mir lo nach rëm alles mussen maachen, an ugekënnegt kruten fir ze machen fir d'Erstellen vum PDS, gesäit et nët sou aus wéi wann den administrative Volet géng ofhuelen. Oder firwat kritt lo een 2Stonnen Décharge fir de PDS?

*

De PRS war scho ganz interessant, mäi leider ass net all Enseignant deen sech zu 100% angagéiert. Esou bleiwt wéi ëmer d'Aarbecht un deene selweschte Leit hänken an déi aner bretzen sech no baussen mam Resultat. Dat mëscht d'Ambiance an der Schoul/Cycle net besser.
Ech fannen de PRS eng gutt Saach fir d'Kanner wann dofir gesuercht gëtt datt ALL Kand an net nëmmen déi gutt oder déi schlecht Schüler eppes dovun hunn. Duerfir sinn ech dedr Meenung datt Thema vun engem PDS differenzéiert Schaffe soll sinn.

*

Zäit ass schwéier ze moossen, well mol méi mol manner dru geschafft gouf. Iergendwousch brengt et schon eppes, mee den Opwand an dat ganzt Konstrukt dat domttt geschaf gouw stinn a kengem Rapport. Entwécklung muss geschéien , mee muss déi sou organiséiert sinn? mat engem ganzen Konstrukt? Et engagéiert een sech natierlech an der Schoul wann een mierkt datt an engem Bereich et wichtig ass weiterzekommen. Fir mech muss dest net verschrëftlecht ginn . Wichteg ass datt et gemat gëtt! Wat een finanziellen Opwand den de Kanner doduerch net zegutt kennt. Positif ass de gemeinsame Blick op d'Schoul den virdrunn dach éischter op dem Cycle loung.