Moratorium um Stage d’entrée en fonction fir d’Enseignantë vum Fondamental

25.11.2014

D’Mobilisatioun vun de Studenten a de Chargé de cours zesumme mam SEW géint d’Aféierung vun dem geplangte Stage, kann en éischten Erfolleg verzeechnen.

No den Informatiouns- a Mobilisatiounsversammlunge vum SEW mat de Studente vu Walfer, Virton, Bréissel a Fribourg an de Chargés de cours, déi sech nach dem Concours d’admission stelle mussen, no der Pressekonferenz vum SEW/OGBL mat Vertrieder vu Studenten a Chargés de cours huet den Här MinisterMeisch agesinn, datt de Stage an där Form wéi en ursprénglech virgesi war, net ze realiséieren ass.

D’Aféierung vum Stage gëtt fir ee Joer ausgesat an ass eréischt fir fréistens 2016/17 virgesinn.

Den Här Meisch huet ugekënnegt, datt d’Modalitéite vum Stage an de folgende Méint mat der Gewerkschaftan deene betraffene Studenten a Chargés de cours sollen diskutéiert ginn.

Den SEW/OGBL verlaangt an dem Kontext e konstruktiven Dialog, wou d’Fuerderunge vun de Chargés de cours an de Studente respektéiert musse ginn.

Mir ziele weiderhin op d’Solidaritéit vun alle Studenten. Den SEW/OGBL wäert sech weider mat alle Mëttele géint de proposéierte Modell a verlaangt e Stage deen et de Beruffsufänger erméiglecht sech ëm hir Schüler ze bekëmmeren an sech fir si anzesetzen.

Aus dem Examen-Concours gëtt e Concours, woumat d’Diplomer vun den Unien unerkannt ginn a jiddereen ugeholl gëtt, deen sech en rang utile klasséiere kann.

Dat ass e Schrëtt an déi richteg Richtung, bedeit awer leider net onbedéngt, datt elo d’Dir fir an d’Funktioun vun der Léierin a vum Schoulmeeschter grouss opgeet.

Den SEW/OGBL wäert sech och an Zukunft asetzen, datt esou vill Plazen am Staatsbudget fir de Fondamental virgesi ginn, wéi der an de Schoule gebraucht ginn.

Matgedeelt vum SEW/OGBL den 25. November 2014