Observatoire vum Stage

16.10.2016

Stage d’insertion pour les nouveaux enseignants du fondamental


Observatoire vum Stage


Den SEW/OGBL huet sech vun Ufank un géint d‘Aféierung vun dësem Stage gewiert. Et hat sech deemools séier erausgestallt, datt de Stage net nëmmen als Mesure geduecht war, fir d‘Pai vun deene Jonken ze kierzen, mee datt se duerch de Stage mam Risiko ecartéiert ze ginn, e ganz schwierege Start an de Beruff kréichen.

Den SEW/OGBL huet sech duerfir och mat de concernéierte Studente géint dëse Stage engagéiert, mee leider ass de Minister net op déi berechtegt Fuerderungen agaangen, och well hien den Accord vun der anerer Gewerkschaft krut.

Den SEW/OGBL fuerdert awer weider e Stage an deem déi jonk Kolleegen am Ufank eng Begleedung kréie déi hinnen an dësem schwierege Beruff helleft.

Aus Erfahrung wësse mir, datt bei neie Mesuren dacks wäit iwwert d’Zil erausgeschoss gëtt. Och nei gegrënnten Instituter probéieren dacks sech doduerch ze legitiméieren, datt si ze vill exigent sinn a keng Récksiicht, ob den Zäitmanagement vun de Stagiairen huelen, respektiv net aschätze kënnen, wéi vill Energie d’Schoulhale besonnesch an deenen éischte Jore kascht.

Den SEW/OGBL huet duerfir eng Permanence fir Stagiairen ageriicht:




Am Prinzip ëmmer Donneschdes tëschent 15.00 a 17.00 Auer si mir um Siège ze erreechen.

Zéckt net fir eis un ze ruffen oder laanscht ze kommen.


Dir kënnt gären e Rendez-vous
per mail (sew@ogbl.lu) ofmaachen.


Bei Urgence kënnt dir natierlech all Dag beim
SEW/OGBL uruffen um 54 05 45-323




All Ufro get vun eis natierlech an aller Diskretioun behandelt.
Gitt eis e Feedback iwwert:

- D’Organisatioun vum Stage am Allgemengen
- D’Envergure vun de verlaangten Aarbechten / ären Zäitmanagement
- Är Andeelung vun der Zäit:
● fir de Stage
● fir äert Schoulhalen
- d’Instruktioune vum Conseiller pédagogique / Inspekter
- all Problemer a Froen, déi am Stage optauchen

Mir sinn natierlech och op de Feedback vun de Conseiller pédagogique ugewisen.

Mir wënschen eis och vun Iech en allgemenge Feedback zum Stage an:
- wéi dir mat de Stagiairen zesummeschafft
- är Aschätzung vun hirem Aarbechtsopwand
- d’Auswierkunge vum Stage op de Schoulbetrib

Och all anere Enseignant deen Suergen, Ideen a Froen zum Stage huet, ka sech gären beim SEW mellen
Den SEW/OGBL ass do fir sech fir Iech anzesetzen!