Zaït fir den SEW

01.03.2015

Wale fir d‘Chambre des Fonctionnaires et Employés publics

Zäit fir den SEW!

D’Walen 2015 vun der Chamber vun de Fonctionnairen an ëffentlechen Employéë kommen an engem kruziale Moment fir d’ëffentlech Schoul:

• D’Verhandlungen tëscht den Enseignanten an dem Minister am Secondaire sinn op d’Conciliatioun komm.

• Am Fondamental riskéiert et zu engem Konflikt ze kommen, well de Minister mat enger neier Grille Horaire d’Tâche wëllt eropsetzen.

• D’Reform vun der Fonction publique, mat Evaluatioun vun Enseignanten a Schoulen, Hierarchiséierung vun eise Carrièren, Gestion par objectifs sinn
Elementer vun dem Accord tëschent Regierung a CGFP, déi an der ëffentlecher Schoul vill negativ Konsequenze mat sech bréngen. Déi detailléiert Ëmsetzung vun dësem Projet wäert eréischt no de Sozialwahlen an Ugrëff geholl ginn, fir dass déi, déi en ausgehandelt hunn, net duerch déi Walen riskéieren ofgestrooft ze ginn.

• D’Studenten an d’Chargés de Cours aus dem Fondamental kämpfe mam SEW/OGBL fir e sënnvolle Stage, deen hinnen an hirer Aarbecht hëlleft a se net duerch onnëtz Hürden behënnert. Si riskéieren déi éischt Affer vun dem Accord salarial tëschent de Regierung an der CGFP ze ginn.

• D’Chargés de cours, aus dem Fondamental an aus dem Secondaire, ouni déi eise Schoulsystem net funktionéiere kéint, verlaange korrekt Aarbechtskonditiounen an eng Perspektiv fir hir Carrière. Den SEW/OGBL ënnerstëtzt dës Fuerderungen,net nëmmen well mer eis fir korrekt Aarbechtsbedingungen asetzen, mä och well duerch dëse sozialen Dumping schlussendlech och Drock op d’Aarbechts- a Lounkonditiounen vun de Proffen a Schoulmeeschteren ausgeübt gëtt.

Den SEW/OGBL ass fir dës Walen gutt opgestallt. D’Kandidatinnen a Kandidate vun der Lëscht vun de Léierinnen a Schoulmeeschtere souwéi vun der Lëscht vun de Proffen an d’Kandidate vun der gemeinsamer Lëscht vun SEW/OGBL an FNCTTFELLandesverband vun de Chargéen aus dem Fondamental an aus dem Secondaire sinn engagéiert Kolleginnen a Kollegen, déi bereet sinn sech fir d’ëffentlech Schoul a fir de Beruff vum Enseignant anzesetzen.

An deene leschte Joere war et ëmmer erëm den SEW/OGBL, deen am Kontext vun de Schoulreformen a vun der Reform vun der Fonction publique informéiert a mobiliséiert huet. Et war den SEW/OGBL, deen am Hierscht 2011 déi bis elo gréisst gemeinsam Mobilisatioun vun den Enseignanten aus dem Fondamental an aus dem Secondaire initiéiert hat. Et ass eis dobäi och gelongen, fir d’éischt d’APESS a, ganz kuerz virun der grousser Manif den 22. Mäerz 2012, d’Ënnerorganisatiounen vun der CGFP, nämlech den SNE an d’FEDUSE, an enger gemeinsamer Aktioun ze vereenen, fir eis zesumme fir méi sënnvoll Reformen am Fondamental an am Secondaire a géint déi negativ Konsequenze vun enger Reform an der Fonction publique anzesetzen.

Leider huet d’CGFP déi gemeinsam Front gekënnegt an huet géint de Wëlle vun den Enseignanten – pikanterweis dee selwechten Dag vun där grousser Manif – en Accord salarial mat ënnerschriwwen, deem seng negativ Auswierkungen op d’Schoul kloer virauszegesi woren.

An dem Kontext ass et ze verstoen, datt déi zoustänneg Ministeren léiwer alleng géife mat der CGFP verhandelen. Hei kënne si an der Regel drop vertrauen, datt no kuerze Schäiverhandlungen e méi wéi faule Kompromëss eraus kënnt, deen, dat weist den Accord salarial an der Fonction publique, net am Sënn vun der ëffentlecher Schoul ass an och net den Appui vun den Enseignanten um Terrain fanne kann.

An der Conciliatiounsprozedur ass deemools festgehale ginn, datt den SEW/OGBL am Secteur vum Enseignement representativ ass. Dat baséiert sech och dorobber,datt d’Positioune vum SEW/OGBL vun der Majoritéit vun den Enseignanten aus dem Fondamental an aus dem Secondaire a Secondaire technique gedeelt ginn.

Duerch massiv Aschüchterungsmanöveren ass et der CGFP iwwert d’Feduse an deSNE gelongen e Streik géint d’Iwwerdroe vun dem Fonction-publique-Accord anden Enseignement ze verhënneren. Dofir fillt d’Regierung sech elo legitiméiert déiMesure Stéck fir Stéck ëmzesetzen. Et wärt net einfach ginn, dat ze verhënneren, mäden SEW/OGBL wäert weiderhi probéieren sech all deene Mesuren ze widdersetzen,déi d’Aarbecht vum Enseignant um Terrain pervertéieren. Ugefange bei engem Stageam Fondamental, deen eis jonk Kollege just dozou ureege soll sech em hir Carrière zekëmmeren an ze maache wéi wann se alles am Grëff hätten. Och déi aner Enseignantë wäerte geléiert ginn, de Mond ze halen a net negativ opzefalen, andeems se sech firméi en héije Contingent vu Stonne fir hir Schoul asetzen oder nach op anere Plazende Fanger op d’Wonne leeën. Evaluatioun an eng méi staark hierarchiséiert Carrièrewäerten hinne weisen, dass si all Interêt hunn, déi vun uewen erof gepriedegt Wourecht net a Fro ze stellen. Dofir hu si dann d’Perspektiv iergendwann e „poste à responsabilités particulières“ ze ergatteren, wou se dann de Misär deen dat ganzt bei de Schüler uriicht, net méi brauchen all Dag mat ze erliewen, dofir awer hëllefen, d’Fassade no baussen oprecht ze erhalen.

Den SEW/OGBL wärt weiderhin deene Kolleginnen a Kollegen hëllefen, déi de Beruff gewielt hunn, well se sech engagéiere fir d’Educatioun vun de Kanner a Jonken a fir den Opbau vun hirem Wëssen an hire Fähegkeeten dës Gesellschaft duerch hiert Schaffen ze beaflossen.

Am Fondamental ass, nodeems et dem SEW/OGBL viru 5 Joer gelonge war, 2 vu 4 Representanten an der Commission Scolaire Nationale ze kréien, de Walmodus esou verännert ginn, datt den SEW/OGBL 2014, mat ongeféier der gläicher Zuel vu Stëmmen, guer kee Sëtz méi krut. Een Drëttel vun den Enseignanten, déi den SEW gewielt hunn, sinn an där Kommissioun guer net méi vertrueden.

Den SEW ass am OGBL den Expert fir den Enseignement, gëtt gelauschtert a serieux geholl. Eis Fuerderunge fir d’ëffentlech Schoul gi vun eisem Daachverband, dem OGBL, ënnerstëtzt an an nationale Verhandlunge mat der Regierung iwwerholl, well eise Gewerkschaftsbond weess datt de Secteur vum Enseignement net ka fonctionnéieren no de Regele vun enger renger Verwaltung.

Et gëtt Zäit, datt d’Enseignanten, déi sech dofir asetzen an d’ Chambre des fonctionnaires gewielt ginn.

Duerfir gitt all är Stëmmen un d’Lëschte vum SEW/OGBL.
Zäit fir den SEW!



Patrick Arendt
Président du
SEW/OGBL