Entrevue mat der DP, den 17. Oktober 2019

De 17ten Oktober hat de Comité vum SEW/OGBL, zesumme mat Vertrieder vun der APCCA (Personalvertriedung vun de Kompetenzzentren) an dem Landesverband, hir Entrevue bei der Fraktioun vun der DP fir ënnert anerem d’Resultater vun der Enquête am Fondamental a Secondaire virzestellen, ze kommentéieren an ze diskutéieren. Bei dësem Treffe goufen d’Spezifizitéite vu de Resultater pro Ordre d’Enseignement duergeluecht, awer eben och déi vill Ähnlechkeeten, déi de grousse Malaise am Lëtzebuerger Schoulwiesen erklären.
Déi Responsabel vun der DP erkennen, dass et eng Penurie un Enseignantë gëtt, begréissen awer den Asaz vu Quereinsteiger.
De SEW/OGBL bemängelt, dass den zweete Bildungswee, dee laangjärege Chargés de Cours eng aner Perspektive gëtt, méiglecherweis net verlängert gëtt. Déi vun der DP proposéiert Optioun, dëst iwwer den IFEN lafen ze loossen, kann net akzeptéiert ginn. Bei den aktuellen Ufuerderungen am Beruff sollt eng universitär Qualifikatioun als Standard gëllen.
D’Fuerderung fir d’Ofschafe vum absurden administrativen Opwand, a welchem an der Tëschenzäit den Dossier an d’Prozedure méi wichteg gi sinn, wéi déi konkret Hëllef beim Kand, ass erëm explizit artikuléiert ginn.
Och d'Vertrieder vun der APCCA hunn drop higewisen, dass et héich Zäit gëtt, dass d'Tâchë vum Personal an de Kompetenzzentren endlech definéiert ginn! Well et am Moment nach kee Gesetz gëtt, variéieren d'Aarbechtskonditioune ganz oft vun engem op deen anere Kompetenzzenter an dëst féiert zu engem grousse Frust ënnert dem Personal. Anscheinend ass de Schoulministère ëmgaangen drun ze schaffen, mee dee versprache konstruktiven Dialog beim Ausschaffe vum Gesetzesprojet fënnt net statt!
Schlussendlech huet d’Delegatioun vum SEW/OGBL drop higewisen, dass et elo – no de villen Ukënnegunge – endlech Zäit gëtt, de richtegen Dialog tëschent Minister an den Enseignanten zouzeloossen. D’Roll vum Enseignant soll nees gestäerkt ginn, d’Missioun vun der ëffentlecher Schoul erëm am Virdergrond stoen.




