Questionnaire fir d'Léierpersonal aus der Voie de préparation

06.02.2024

D’Voie de Préparation: Ofstellgleis oder reell Chance fir d’Schüler.innen?
Är Meenung ass gefrot! Eng Rei Enseignanten aus der Voie de Préparation hunn den SEW/OGBL kontaktéiert a verschidde Kritikpunkten um momentane Schoulbetrib an der Voie de Préparation un den SEW/OGBL erugedroen. Mir huelen dës Suergen eescht a mir brauchen dowéinst e geneet Bild, dat méiglechst repräsentativ ass, fir aktiv Verännerungen ze verlaangen. Mir wieren dofir frou wann Dir all de Questionnaire géift online ausfëllen.
D’Equipe vum SEW/OGBL wäert duerno d’Äntwerten aus a schafft e puer Pisten aus fir aktiv ze ginn. Är perséinlech Informatioune ginn natierlech vertraulech behandelt, net weidergeleet an net publizéiert! Mir brauche se fir Är Äntwerte besser auswäerten ze kënnen.
Dir braucht ca. 5-15 Minutte fir de Questionnaire auszefëllen. Mir soen Iech am Viraus Merci fir d’Ausfëllen.
https://forms.office.com/Pages/ResponsePage.aspx?id=xQ4KNpTw8UWjGcbcNWAnBKtfIUKkxU9HqJcMB9AdOFtUMVM4R05TNEc5RzRZOUtaSU4xMzhINEdRWS4u