Mutatiounsprozedur an Deelzäit - Schluss mat der Diskriminatioun

27.02.2024

D’Mutatiounsprozedur am Secondaire ass diskriminéierend a vereelzt.

Si consideréiert just Fonctionnairen a Vollzäit a gesteet Enseignanten an Deelzäit kee Recht op eng Mutatioun zou. Domadder gi statistesch gesi virun allem weiblech Enseignantë benodeelegt.

Den SEW/OGBL setzt sech dofir an, datt och Enseignanten an Deelzäit e Recht op eng Mutatioun an een anere Lycée solle kréien.

Eis Virschléi:

- D’Lycéeë melle konkret hire Bedarf u Personal an déi fräi Stonnenzuel, déi muss assuréiert ginn. Sou kënnen och Enseignanten an Deelzäit vun enger Mutatioun profitéieren.

- Haaptkrittär fir d’Vergabe vu fräie Poste muss de Statut sinn, dann d’Anciennetéit, dann d’Examensnote um Enn vum Stage.

D’Mutatiounsprozedur am Secondaire consideréiert och just Fonctionnairen a Vollzäit a schléisst Chargéë komplett aus. Den SEW/OGBL fuerdert dofir:

- E Recht op eng Mutatioun fir Chargéen.

- Fräi Plaze gi fir d’éischt u Fonctionnairen, dann un Employéë verdeelt. Och hei soll als 2. Krittär d'Anciennetéit an dann d'Examensnott gëllen.

- Fir fonctionnariséiert Chargéë fuerdere mir, datt si no der Fonctionnarisatioun de Choix kréien, entweder an hirem Lycée ze bleiwen oder un der Mutatiounsprozedur deelzehuelen.

Liest och eise Bréif un de Ministère.